D'Tektonik befaasst sech mam aktuelle Bau vun der Äerdkuuscht a mat hire Beweegungen a Stäerkten. D'Wëssenschaft vun der Tektonik beschreift d'Beweegunge vun de Lithosphärplacken an déi Kraaft, déi tëscht hinne wierkt, a gëllt bis haut als Grondlag vun der moderner Geologie.

Tektonesch Placken

Mechanismus änneren

Lithosphär-Placken änneren

Déi baussenzeg Schicht vun der Äerd ass d'Lithosphär. Si besteet aus engem Mosaik vun tektonesche Placken déi jeeweils vun der Äerdkuuscht an dem ieweschten Deel vum Äerdmantel gebilt ginn. D'Kontinenter schwammen op dëse Placken, déi sech ëmmer ganz lues beweegen. D'Kontinenter bestinn aus décke Kuuschtendeeler, d'Ozeaner hu méi eng dënn Kuuscht.

Kontinentalverschibung änneren

Duerch déi Beweegunge ginn d'Kontinenter ausernee gerappt an nei Mierer entstinn. All d'Äerddeeler wéi se haut sinn, ware fréier een eenzege grousse Kontinent, de Pangea. D'Placke kënnen awer och d'Kontinenter zesummestoussen. Dobäi entsti Schichte vu Gestengs a gewalteg Biergketten.

Wa Placken zesummestoussen nennt een dat Subduktioun. Dat geschitt meeschtens do wou eng dicht ozeanesch Lithosphär op eng méi liicht kontinental stéisst. Déi ozeanesch daucht ënner déi kontinental Plack an d'Asthenosphär. Déi Schicht vum Äerdmantel ass gliddeg waarm an een Deel vun der Kuuscht schmëlzt. ¨

Wa Placken auserneendriften, meeschtens geschitt dat ënner den Ozeaner, ka flëssegt Gestengs aus dem Mantel eropkommen an der Lithosphär nei Matière bäiginn. Sou Plaze gi Bildungszone genannt, well eng nei Kuuscht gebilt gëtt.

Placken änneren

 
Déi verschidden Äerdplacken

D'Äerdiwwerläch ass a siwe grouss Plakken opgespléckt. Dëst sinn:

Da gëtt et och nach e puer méi kleng Placken, wéi d'Kokos-Plack, d'Nazca-Plack, Arabesch Plack, Karibesch Plack, Philipinnesch Plack,...

Naturkatastrophen änneren

Duerch d'Zesummespill vun den tektonesche Placken entsti spektakulär Naturspiller op der Welt, wéi z. B. Äerdbiewen oder Vulkanausbrëch. En Äerd- oder Séibiewen kënnen als Folleg och nach Tsunamië mat sech bréngen.