Tavira ass eng Stad am Süde vu Portugal an der Provënz Algarve, am Distrikt Faro. Tavira läit am ëstlechen Deel vun der Provënz, am sougenannte "Sotavento", tëscht Faro an der spuenescher Grenz. D'Awunnerzuel ass knapps 20.000.

Wope vun Tavira
Zwéi vun de ville Kierchtierm vun Tavira

Am Géigesaz zu de Stied an der westlecher Algarve läit Tavira net direkt beim Mier. D'Lagunelandschaft an Naturschutzgebitt "Ria Formosa", déi sech iwwer e groussen Deel vun der ëstlecher Algarveküst erstreckt, trennt d'Stad vum Mier of. Fir op d'Plage ze kommen, hëlt een an der Stad e Boot oder e klengt Schëff, vun deem een iwwer d'Ria Formosa bis op déi propper Plage "Ilha de Tavira" gefouert gëtt.

Wärend d'Landwirtschaft an der Regioun nach ëmmer eng wichteg Plaz anhëlt, spillt awer den Tourismus zanter de den 1990er Joren déi gréisst Roll. Tavira ass trotzdeem op ville Plazen nach ganz onberéiert vum Tourismus bliwwen, an et ass grad dat, wat déi meescht Touristen un der schéiner aler Stad sou schätzen.

Zumools d'Alstad huet en eemolege portugisesche Charme virzeweisen, mat senge ville Kierchen a klenge Plazen. Besonnesch interessant ass déi al Maarthal matzen am Zentrum, an där een zanter uganks den 2000er Jore Butteker a Bistroe fënnt; de Maart selwer gouf an d'Peripherie ausgelagert.

Ausserdeem gëtt et eng al réimesch Bréck iwwer de Floss Gilao, deen Tavira an zwou Hallschenten trennt, an d'Stad mam Mier verbënnt. Z'ernimme sief och déi mauresch Buerg, héich iwwer der Stad, vu wou aus een eng formidabel Vue iwwer déi ganz Géigend ka genéissen.

Tavira huet eng relativ gutt Infrastruktur a Verkéiersubindung. D'Haaptstrooss N 125, déi d'Algarve vun Osten no Westen duerchleeft, féiert direkt laanscht d'Stad. Och d'Autobunn A22 läit just e puer Kilometer am Hannerland. Bis op Faro sinn et ronn 30 km, bis bei d'spuenesch Grenz grad sou vill. Ausserdeem ass d'Stad un d'Schinnennetz ugebonnen a ka vu Faro aus mam Zuch erreecht ginn.

D'Gemenge (freguesia) vum Krees Tavira:

D'Réimerbréck zu Tavira

Um Spaweck änneren

Commons: Tavira – Biller, Videoen oder Audiodateien