Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Taraxacum leucoglossum, Syn.: Taraxacum turiense, ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Taraxacum (Pissblummen) aus der Famill vun den Asteraceae[1][2].

Taraxacum leucoglossum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Dikotyledonen
Ënnerklass Rosopsida
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Ënnerfamill Cichorioideae
Gattung Taraxacum
Wëssenschaftlechen Numm
Taraxacum leucoglossum
Brenner, 1915

D'Aart ass am Oblast Murmansk a Russland endeemesch. Dës Pissblummenaart ass rar an huet eng ganz kleng Verbreedungsgebitt : si wiisst just op Küsteklippen op der Turi-Hallefinsel, engem Deel vun der Kandalakscha-Küst. Fréier war den Areal méi grouss a louch och un den Uwänner vum Floss Umba[3], awer do wiisst d'Planz scho jorelaang net méi[4].

Den T. leucoglossum ass eng kleng Planz, ronn 5–10 cm héich. D'Ligulablumme si wäiss. An der Period vun der Fruktifikatioun gesäit se bal wéi déi "gewéinlech" Bettseechesch Taraxacum officinale aus[4].

Se gouf 1915 vum finnesche Biolog Magnus Brenner beschriwwen[2].

Referenzen änneren

  1. http://www.catalogueoflife.org/col/details/species/id/135d8bfe5b74758709b09e05d3d36f06
  2. 2,0 2,1 http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/gcc-100873
  3. Archive copy Archivéiert op 2017-07-30. Gekuckt de(n) 2018-07-22.
  4. 4,0 4,1 http://213.189.208.206/hcvf/publications/Redkie_rastenija_Murmanskoj_oblasti.pdf