Taavi Rõivas

estesche Politiker

Den Taavi Rõivas, gebuer de 26. September 1979 zu Tallinn, ass en estesche Politiker (Estesch Reformpartei). Hie war vum 26. Mäerz 2014 bis den 9. November 2016 Premierminister vun Estland.

Taavi Rõivas
Gebuer 26. September 1979
Tallinn
Nationalitéit Estland
Educatioun Universitéit vun Tartu
Aktivitéit Politiker, Ekonomist

Hie gouf 1998 Member vun der Reformpartei an huet seng politesch Carrère als Conseiller vum Justizminister Märt Rask ugefaangen (1999 bis 2002.[1] Hie war vun 2004 bis 2005 Buergermeeschter vun Haabersti, engem Distrikt vun Tallinn an 2003-2004 Conseiller vum Minister fir Bevëlkerung, Paul-Eerik Rummo. 2005 gouf e Conseiller vum Premierminister a Leader vun der Reformpartei Andrus Ansip.

2005 gouf hien an de Gemengerot vun Tallinn gewielt, an 2007 an erëm 2011 an d'estescht Parlament, de Riigikogu.

Am Dezember 2012 gouf de Rõivas Sozialminister, an am Mäerz 2014 Premierminister vu sengem Land. Wéinst engem Mësstrauensvote am Parlament, deem och Membere vu senger Regierungskoalitioun zougestëmmt hunn, ass hie mat senger Regierung den 9. November 2016 zeréckgetrueden.[2]

Hien huet säin Deputéiertemandat zeréckgeholl a blouf bis Enn 2020 Deputéierten, fir dono an d'Privatwirtschaft ze goen.

Hien huet zesumme mat der Popsängerin Luisa Värk eng Duechter.

Referenzen änneren

  1. Websäit vun der Estescher Regierung, am Internet Archive.
  2. "Misstrauensvotum gegen Premier Rõivas." wort.lu,, 9. November 2016 um 15:30.