Den Télécran. Das Luxemburger Magazin ass eng lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Éditions Plus erausgi gouf. Dohanner stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.

De Logo (zanter Oktober 2016)

Am Oktober 1978 huet d'St.-Paulus-Dréckerei d'Zäitschrëft ganz iwwerholl, de Rémy Franck gouf Chefredakter. Mat der Revue louch den Télécran méi wéi eemol am Clinch - och alt viru Geriicht - wien déi héchst Oplo hätt.

Chefredakteren änneren

Zuelen änneren

Oplo änneren

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:[1]

uganks 2000 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000
37.357 ... 33.485 32.760 32.534 31.846 31.734

Lieserstatistik änneren

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 34,3 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch den Télécran gelies. 2006/2007 waren dat der 33,60%; 2007/2008 31,80% an 2008/2009 31,50%.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 28,50 %[4]

Tëscht 2009 an 2016 ass d'Lieserschaft ëm e Véirel zeréckgaangen.[5]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 93.500 Leit iwwer 15 Joer den Télécran gelies (19,4 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]

Pressehëllef änneren

2011 huet den Télécran 401 758 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]

Soss änneren

 
De Logo (2007-2016).

De Layout änneren

De Layout gouf mat der Nummer vum 6. Oktober 2016 fir d'lescht geännert.[5] Dee vu virdrun war den 2. Mee 2007 agefouert ginn. Deemools war d'Format e bësse vergréissert ginn, an en neit Schrëftbild a "großzügige Freiflächen" waren ageriicht ginn.

Kuriéises änneren

De Begrëff "Télécran" ass e sougenannt Portmanteau-Wuert, dat an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four, fir den englesche Begrëff telescreen fir d'éischt gebraucht gouf. Gemengt domat sinn do eng Zort Iwwerwaachungsecranen, déi gläichzäiteg Videobiller senden an Iwwerwaachungskamera sinn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
  2. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  3. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  4. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  5. 5,0 5,1 "Invité vum Dag: Martine Hemmer." op 100komma7.lu, 06. Okt 2016 - 07:30.
  6. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  7. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.