Sylvia Syms

englesch Schauspillerin

D'Sylvia Syms, gebuer de 6. Januar 1934 zu Woolwich (Quartier vu London), a gestuerwen de 27. Januar 2023, war eng englesch Schauspillerin.

Sylvia Syms
Gebuertsnumm Sylvia May Laura Syms
Gebuer 6. Januar 1934
Woolwich
Gestuerwen 27. Januar 2023
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Regisseur

Si war an iwwer 120 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn. Si huet a bedeitende Filmer wéi am Krichsfilm Ice Cold in Alex (1958) vum J. Lee Thompson mam John Mills an Anthony Quayle an am dramatesche Kriminalfilm Victim (1961) vum Basil Dearden mam Dirk Bogarde an Dennis Price matgespillt. Si hat an hire Filmer bekannte Partner wéi Hardy Krüger, Lilli Palmer, William Holden, Sophia Loren, Anthony Hopkins an Helen Mirren.

Si ass d'Mamm vun der Schauspillerin Beatie Edney.

Filmer änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren