Dës Säit beschäftegt sech mat der australescher Stad Sydney. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sydney (Homonymie).

Sydney ass eng lieweg, multikulturell Metropol an Haaptstad vum eelsten australesche Staat New South Wales. Si gëllt als eng vun de schéinste Stied op der Welt. Sydney ass de wirtschaftlechen a kulturellen Zentrum vun Australien a mat 4,5 Milliounen Awunner déi gréisst Stad vum Land.

Sydney
D'Skyline vu Sydney

D'Skyline vu Sydney
D'Skyline vu Sydney
Land: Australien
Bundesstaat: New South Wales
Administratioun: Sydney City Council
Fläch: 1.664 km²
Awunner: 3.774.894 Aw.  (2005)
Bevëlkerungsdicht: 2.269 Aw. / km²
Buergermeeschter: Clover Moore
Koordinaten: 33° 52’ 09’’ S
      151° 12’ 32’’ O
Lag vu Sydney an Australien

Lag vu Sydney an Australien
Lag vu Sydney an Australien
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Geschicht änneren

Vu virun ongeféier 40.000 Joer un gouf dat haitegt Stadgebit vun den Aboriginies bewunnt. De 26. Januar 1788, och Australia Day genannt, ass déi éischt wäiss Siidlung am Port Jackson Bay gegrënnt ginn. De Captain Arthur Phillip huet 800 Prisonéier aus England do vu Bord gelooss. Et war also fir d'éischt eng Strofkolonie. Méi spéit gouf d'Stad zum Mëttelpunkt vun der Kultur an der Wirtschaft vun Australien. D'Expansioun gouf gréisstendeels vun europäeschen duerno vun asiateschen Immigrante gedroen. The Rocks ass den Ursprong an d'Häerz vu Sydney.

Geographie änneren

Sydney zitt sech iwwer 100 km laanscht Küst, 70 km an d'Banneland a läit am Duerchschnëtt dräi Meter iwwer dem Mieresspigel. Dem Port Jackson, den natierlechen Hafe vu Sydney, säin Haaptaarm huet eng Fläch vu 55 km² an ass 19 km laang. Vun him ginn nach eng sëllegen aner Mieresäerm aus, wéi zum Beispill de Middle Harbour. D'Metropolregioun geet vum Hawkesbury River am Norde bis zur Botany Bay am Süden a vun de Blue Mountains am Weste bis zum Pazifeschen Ozean am Osten. Zu Sydney huet een och iwwer 70 verschidde Plagen, dorënner déi weltbekannt a vu Surfer beléift Plagë Bondi Beach a Manly Beach.

Bevëlkerung änneren

Knapps 4,5 Millioune Leit wunnen a 450 Viruertschaften. Hei lieft all 5ten Australier. D'Awunnerzuel vu Sydney huet sech vun 1,9 Milliounen am Joer 1954 bis haut verduebelt.

Klima änneren

Sydney huet e subtropescht Klima. Am Summer ass et sonneg a waarm, am Wanter reenereg a kill. Déi duerchschnëttlech Jorestemperatur läit bei 17,9 Grad Celsius. Déi wäermst Méint si Januar a Februar an de keelste Mount ass de Juli. Dee meeschte Reen fält am Mäerz, dee mannsten am Juli. Sydney huet 6,8 Sonnestonnen pro Dag an 138 Reendeeg am Joer.

 
Sydney vum Satellit aus

Ekonomie an Infrastruktur änneren

Sydney ass e grousst Industrie-, Handels-, Finanz- an Transportzentrum. De gréissten Deel vum australeschen Aussenhandel gëtt iwwer Sydney ofgewéckelt. Produzéiert gi virun allem Autoen, elektresch Aparater, Maschinnen, Metallprodukter, Iesswueren, Pëtrolsprodukter an Textiller. Déi wichtegst Exportwuere si Fleesch, Weess a Woll. De Fluchhafe vu Sydney ass dee gréissten an Australien a wichteg fir den internationale Loftverkéier.

Kultur a Kuckeswäertes änneren

 
Sydney North Head aus gekuckt
 
Den Hafe vu Sydney

Um Spaweck änneren

Commons: Sydney – Biller, Videoen oder Audiodateien