Suzanne de Goede

hollännesch Vëlossportlerin

D'Suzanne de Goede, gebuer de 16. Abrëll 1984 zu Zoeterwoude, ass eng hollännesch Vëlossportlerin. Hir Spezialitéit si Sprinten an CLM-Courssen.

Suzanne de Goede
Gebuer 16. Abrëll 1984
Zoeterwoude
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Vëlossportler

Si huet 1998 ugefaange mat Course fueren. Am Joer 2003 gouf si zu Zolder Weltmeeschterin op der Strooss an der Juniorsklass an 2005 hollännesch Landesmeeschterin am Zäitfueren.

2006 ass si fir d'Ekippe AA-Drink Cycling Team gefuer an huet den 12. Mäerz déi éischt Dammeneditioun vum Omloop Het Volk gewonnen.

Zanter 2007 fiert si an der Dammenekippe vum T-Mobile Team

Palmarès 2006 Elite-Dammen änneren

  • 1. Omloop Het Volk
  • 1. an der drëtter Etapp A vum Giro della Toscana Femminile
  • 2. an der drëtter Etapp B vum Giro della Toscana Femminile
  • 2. an der véierter Etapp vum Giro della Toscana Femminile
  • 2. am G.P. Knetemann.