De Susanoo no Mikoto, och Susanowo genannt, ass am Shinto de Kami (Gott) vum Wand a vum Mier an ass de Brudder vun der Sonnegëttin Amaterasu a vum Moundgott Tsukuyomi no Mikoto.

De Susanoo no mikoto no enger Duerstellung vum Kënschtler Utagawa Kuniyoshi

De Susanoo ass d'Kand vum Izanagi a koum op Welt nodeem dee sech no engem Besuch an der Ënnerwelt de Knascht vu senger Nues ofgebotzt huet. Aner Versiounen an der japanescher Mythologie behaapten datt hien zesumme mat der Amaterasu an dem Tsukuyomi nom Doud vu senger Mamm op Welt koum.

Mat sengem Schwäert Totsuka-no-Tsurugi huet hien de Risendraach Yamata no Orochi zerstéckelt, a wéi hien de Schwanz zerschneide wollt, krut säi Schwäert eng Téitsch. Wou hien de Schwanz opgeschnidden huet fënnt hien e Schwäert, dat Kusanagi-no-tsurugi genannt gëtt. Hie schenkt dëst Schwäert, och "Grashallemschneider" genannt, senger Schwëster Amaterasu.

Um Spaweck änneren

Commons: Susano o no mikoto – Biller, Videoen oder Audiodateien