D'Surveyor 1 war déi éischt Sond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. Mat Surveyor 1 sollt bewise ginn, datt et méiglech ass, ouni Schued um Äerdmound ze landen a vun do Biller an Donnéeën op d'Äerd ze schécken. Zousätzlech sollte d'Kommunikatiounsweeër iwwerpréift an d'Méiglechkeete vu Kurskorrekturen um direkte Wee zum Mound wärend dem Fluch ausprobéiert ginn. De Surveyor 1 war déi éischt US-amerikanesch Sond, déi mëll um Mound gelant ass an Donnéeën a Biller iwwerdroen hat.

Surveyor 1
Start vun der Surveyor 1 Drorakéit
Typ Äerdmoundsond
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Land USA
Agentur NASA
Mass 995,2 kg
Start 30. Mee 1966, 14:41 UTC
Startplaz Cape Canaveral Launch Complex 36
Drorakéit Atlas Centaur AC-10/290D
Status ausgeschallt 7. Januar 1967
E Modell vun enger Surveyor-Moundsond

Missioun änneren

Surveyor 1 war den 30. Mee 1966 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vum Cape Canaveral Launch Complex 36 gestart gouf. Am Géigesaz zu de Ranger-Missiounen gouf op eng Parkorbit verzicht. Dat heescht, d'Sond hat no der Trennung vun der Uewerstuf direkt Kurs op de Mound geholl. Den 31. Mee war eng kleng Kurskorrektur erfollegt. No 63 Stonne Fluch hat Surveyor 1 an enger Héicht vu 75 Kilometer iwwer der Mounduewerfläch d'Bremsdreifwierker gezünnt an hat doduerch d'Vitess vun 2612 m/s op 110 m/s verklengert. An enger Héicht vu ronn 11 Kilometer iwwer der Uewerfläch haten den Doppler-Radar an den Héichtemiesser déi weider Landung iwwerholl. Gebremst gouf mat Vernier-Dréifwierker. An enger Héicht vun 3,4 Meter goufen d'D'Bremsdreifwierker gestoppt, an d'Sond huet déi lescht Meter am fräie Fall zeréckgeluecht. Den 2. Juni 1966 ëm 06:17 Auer UT hat d'Surveyor zirka 100 Kilometer nërdlech vum Krater Flamsteed am Oceanus Procellarum mat enger Reschtvitesse vun 3 m/s opgesat.

No engem Funktiounstest hat d'Surveyor 1 déi éischt vun 11.240 Biller iwwermëttelt. Zousätzlech goufen Daten iwwer d'Reflektivitéit vun der Mounduewerfläch, d'Stärkt vun der Uewerfläch an d'Temperatur vun der Sond gesammelt an iwwermëttelt. Duerch d'Temperatur vun der Sond sollten Réckschless op d'Uewerflächentemperatur vum Mound gezu ginn. D'Surveyor 1 hat déi lunar Nuecht onbeschuet iwwerstanen und an hat den nächsten Dag nees Daten a Biller op d'Äerd geschéckt. De 14. Juli 1966 gouf et e Spannungsoffall an de Batterien, trotzdeem war et méiglech, bis de 7. Januar 1967 weider Date vun der Sond ofzeruffen.

D'Missioun war en Erfolleg.

Trivia änneren

Op Biller vum Lunar Reconnaissance Orbiter vun 2009 ass d'Landeplaz vum Surveyor 1 ze gesinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Surveyor Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien