Suricata suricatta (de: Erdmännchen, fr: suricate, en:/af: meerkat) ass eng Mamendéieraart aus der Famill vun de Mangusten (Herpestidae).

Suricata suricatta

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Mangusten
Gattung: Suricata
Aart: Suricata suricatta
Wëssenschaftlechen Numm
Suricata suricatta
Desmarest, 1804
Verbreedungsgebitt
Dräi hale Wuecht
Virun den Agäng zu engem Bau

Si gi 700 bis 750 Gramm schwéier, hunn en hellgro-bronge Pelz mat enger opfälleger queescher Sträif. Si liewen an dréchene Géigenden am südlechen Afrika, a Kolonie vu bis alt zu 30 Exemplairen, an erniere sech virun allem vun Insekten.

D'Suricata suricatta gruewe sech ënnerierdech Bai oder iwwerhuele se vun aneren Déieren a bauen s'aus). Un der Spëtzt vun enger Kolonie steet eng dominant Koppel. D'Membere vun der Grupp wiessele sech of fir Wuecht ze halen. Dofir stelle se sech op déi hënnescht Patten. Jee nodeem ëm wat fir eng Zort Feind (Loft oder Land) et sech handelt, a wéi imanent d'Gefor ass, hu se verschidde Warnkreesch, wouropshi jiddwereen am Bau verschwënnt.

D'Mudder kritt pro Worf, no enger Schwangerschaft vu 77 Deeg, zwee bis véier Jonker. Dës ginn zwéi Méint laang vun der Mamm geniert, a sinn no engem Joer geschlechtsräif. No eppes méi wéi 3 Méint kann d'Weibchen nees schwanger ginn. D'Membere vun der Famill hëllefe sech ënnerenee fir sech ëm déi Kleng ze këmmeren. Se kënne bis zu sechs Joer al ginn.

Literatur änneren

  • Ronald M. Nowak: Walker's Mammals of the World. Johns Hopkins University Press, London 1999. ISBN 0-8018-5789-9
  • J. S. Gilchrist, A. P. Jennings, G. Veron, P. Cavallini: Family Herpestidae (Mongooses). In: Don E. Wilson, Russell A. Mittermeier (Hrsg.): Handbook of the Mammals of the World. Bd 1. Carnivores. Lynx Edicions, Barcelona 2009, S. 262-329. ISBN 84-96553-49-3
  • Moira J. van Staaden: Suricata suricatta. In: Mammalian Species. Washington 1994,483, S. 1-8. ISSN 0076-3519

Um Spaweck änneren

Commons: Suricata suricatta – Biller, Videoen oder Audiodateien