Superjhemp-Statu Miersch

D'Superjhemp-Statu zu Miersch ass eng bronze Statu, déi de Comic-Personnage Superjhemp éiert. Si gouf de 4. Juni 2023 ageweit a steet an der Grande-Duchesse-Charlotte-Strooss, vis-à-vis vum Mierscher Lieshaus.

Superjhemp-Statu Miersch

D'Statu ass maanshéich a representéiert de Charel Kuddel a voller Superjhemp-Montur, deen op enger Pile Bicher (deene sëllegen Alben aus der Serie) steet.

Se gouf vun der Katarzyna Kot, nom Roger Leiner sengen Zeechnungen, entworf. De Leiner huet viru sengem Doud zu Miersch gewunnt.[1]

Referenzen änneren

  1. Frank Weyrich: "Poznennö, de Superjhemp ass zu Miersch." wort.lu [w*], 04.06.2023.