Super Besse ass eng Wantersportstatioun am Massif Central.

Super Besse

Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Puy-de-Dôme
Arrondissement Issoire
Kanton Besse-et-Saint-Anastaise
Gemeng Besse-et-Saint-Anastaise
Koordinaten 45° 30’ 38’’ N
      02° 51’ 24’’ O

Si läit um Territoire vun der Gemeng Besse-en-Chandesse, matzen am Parc régional des Volcans d'Auvergne am Departement Puy-de-Dôme, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Ongeféier 50 km vu Clermont-Ferrand ewech läit se op enger Héicht vun 1.350 Meter op den Häng vum Puy de Sancy, dem Puy de la perdrix an dem Puy Ferrand.

Si huet en Uschloss un d'Schipiste vum Mont-Dore, deen awer, wéinst dem raue Klima, net ëmmer garantéiert ass.

Pisten an Ekipementer änneren

Fir den Alpine Schi gëtt et 43 km Pisten tëscht 1.300 an 1.840 Meter Héicht, déi op 27 verschidde Piste verdeelt sinn.

Als Transportmëttele stinn zur Verfügung:

  • 01 Funitel mat 20 Plazen
  • 02 Sessellifter mat 4 Plaze pro Bänk
  • 02 Sessellifter mat 2 Plaze pro Bänk
  • 16 Schilifter
  • 01 Schleefseel

Fir de Laanglaf gëtt et 125 km Pisten.

Super Besse am Sport änneren

Vëlossport änneren

Tour de France änneren

Tour de l'Avenir änneren

Autossport änneren

 
Super Besse um Hank vum Puy de Sancy

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Super Besse – Biller, Videoen oder Audiodateien