E Sulky ass e liicht, zweeriederegt Gefier, dat an Trabercoursse vum Päerd gezunn gëtt.

E Sulky hanner engem Trotteur um Hippodrom vu Vincennes.

Et ass am Fong eent vun den einfachste Gefierer dat ee sech virstelle kann: zwee héich Speecherieder, eng Achs mat engem klenge Sëtz drop an zwéi Brancarden.

De Sulky kënnt aus Amerika an d'Wuert gëtt do zanter 1755 gebraucht fir eng liicht Kutsch ze bezeechnen.

Ee vun den éischte Coursesulkyen a liichter Bauweis gouf 1878 op der Universalausstellung zu Paräis vum New-Yorker Carrossier Brewster virgestallt. D'Gefier huet knapps 25 Kilo gewien.

Ausser bei Trabercoursse gi Sulkyen nach bei Concourse fir Aktiounspäerd gebraucht, déi besonnesch an Holland ausgefouert ginn, an deenen hir Päerd wéinst de schéinen Aktiounen do The Dancing Stars genannt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Sulkies – Biller, Videoen oder Audiodateien


  Kutschemodeller  

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker