Den Haji Mohamed Suharto, gebuer den 8. Juni 1921 zu Kemusu Arga op Java, Indonesien a gestuerwen de 27. Januar 2008 zu Jakarta, war en indoneesesche Politiker a Generol, dee vun 1967 bis 1998 President vun Indonesien war.

Suharto
Gebuer 8. Juni 1921
Gestuerwen 27. Januar 2008
Jakarta
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Indonesien
Aktivitéit Politiker, Militär
Famill
Kanner Siti Hediati Hariyadi

De Suharto war Generol an huet 1965 no Protester vu lénksgeriichte Studenten an engem soit-disant Putschversuch de President Achmed Sukarno ausgeschalt. Hie gouf 1966 Regierungschef an 1967 Staatschef faisant fonction. De 27. Mäerz 1968 gouf en och offiziell President a blouf dat bis 1998.

No baussen huet de Suharto sech oppe gewisen, en huet enk mat de Vereenegte Staaten zesummegeschafft an eng liberal Wirtschaftspolitik gefouert. Innepolitesch huet e keng Oppositioun toleréiert. Eng Millioun Kommunisten a regierungsfeindlech Studente goufen ermuert, nodeem en un d'Muecht koum.

Am Suharto senger Herrschaftszäit koum et och zu der Occupatioun vun Osttimor 1975 an de Massakeren duerno, bei deenen een Drëttel vun der Bevëlkerung doutgemaach gouf.

Den 21. Mee 1998, no laange Protester vu Studenten, ass de Suharto zeréckgetrueden, neie President gouf dee vun him als Nofollger designéierte Bacharuddin Jusuf Habibie.

1999 koum de Suharto viru Geriicht, him gouf virgeworf, 571 Milliounen US-Dollar aus der Staatskeess verontreit ze hunn; aus Gesondheetsgrënn gouf de Prozess awer agestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: Suharto – Biller, Videoen oder Audiodateien