Stroosseschëld

Schëld dat den Numm vun der Strooss uweist

E Stroosseschëld weist den Odonym vun enger Strooss oder engem Wee. Normalerweis hänke Stroosseschëlter um Eck vun engem Haus oder op engem Potto, meeschtens do wou d'Strooss ufänkt oder ophält. Bei groussen Avenuë kann dat Schëld e puermol dolaanscht oder op der Mëttelband stoen, dacks op Pottoen déi speziell dofir virgesi sinn.

Stroosseschëlter zu Réimech

Et gëtt keng Virschrëft, wéi se mussen ausgesinn, dofir ännere se vu Gemeng zu Gemeng. D'Stad Lëtzebuerg zum Beispill huet Schëlter mat engem wäissen Hannergrond an donkelbloer Schrëft, mat donkelbloen Dräiecke laanscht d'Ecker. Aner Gemengen hunn aner Faarwen, an zousätzlech z. B. hire Wopen oder Logo um Schëld mat drop.

Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt och nach d'Verkéiersschëld dat eng Direktioun fir eng Uertschaft ugëtt Stroosseschëld genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Stroosseschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Stroosseschëlter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien