D'Stratosphär, vum lat. strātum „Decken“ an (algriichesch Sprooch) sphaîra „Kugel“ ass déi zweet Schicht vun der Äerdatmosphär, si läit iwwer der Troposphär; dem Grenzberäich tëscht Stratosphär an Troposphär gëtt als Tropopaus bezeechent. Déi läit an enger Héicht tëscht ronn 8 Kilometer op de geographesche Polen a ronn 18 km um Equator. Iwwer der Stratosphär schléisst sech d'Mesosphär un, d'Grenz ass d'Stratopaus an enger Héicht vu 50 km.

Duerchschnëttlech Temperatur a molar Mass an Ofhängegkeet vun der Héicht
Opbau vun der Äerdatmosphär

An der Stratosphär hëlt d'Temperatur mat der Héicht zou, woubäi dës Steigung an der ënneschter Stratosphär, bis ongeféier 20 Kilometer, nach ganz kleng ass. D'Zouhuele vun der Temperatur mat der Héicht ënnerscheet d'Stratosphär vun de Loftschichten drënner an driwwer. Deen ëmgdréinten Temperaturverlaf kënnt haaptsächlech dohier, well den Ozon an der Stratosphär d'UV-Stralung aus dem Sonneliicht absorbéiert an dobäi elektromagnetesch Stralung a Wäermt ëmwandelt. Am stäerksten ass d'Ophëtzen am Beräich vun der Ozonschicht, do geet d'Temperatur vun zirka –60 °C bis op knapps ënner 0 °C erop.

Duerch déi niddreg Temperatur an der Tropopaus kondenséiert atmosphäresche Waasserdamp bal vollstänneg aus, dofir gëtt et an der stratosphärescher Loft immens dréche Wolleken.

An der Stratosphär loosse sech och ageschränkt Wiederphänomene observéieren. Si sinn en Deel vun der Homosphär. D'Stratosphär gouf – genee wéi d'Tropopaus - am Joer 1902 vum franséische Meteorolog Léon-Philippe Teisserenc de Bort an dem Däitsche Richard Aßmann entdeckt. Haut gëtt si mat Fuerschungsfligere wéi d'Mjassischtschew M-55 „Geophysika“ oder der „ER-2“-Spezialausféierung vun Lockheed U-2[1], ënnersicht. Zanter Enn Juli 2010 flitt och den HALO, den zu Oberpfaffenhofen stationéiert ass wëssenschaftlech Flich. Den Halo ass eng Entwécklung op Basis vun der Gulfstream G550.[2].

2010 gouf och d'Cranfield Astrobiological Stratospheric Sampling Experiment[3] gestart, dat mat enger Ballonsond Prouwen aus der Stratosphär sammelt, déi dann no Mikroorganismen ënnersicht ginn.[4]

Literatur änneren

  • David DeVorkin: Race to the Stratosphere. Manned Scientific Ballooning in America, Springer Berlin 1989, ISBN 3-540-96953-5
  • Karin Labitzke: Die Stratosphäre, Springer Berlin 1998, ISBN 3-540-65000-8

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Spezialkonstruktioun vun der „ER-2“der Lockheed U-2 an der englescher Wikipedia
  2. www.halo.dlr.de/news/
  3. Archive copy Archivéiert op 2014-12-17. Gekuckt de(n) 2015-01-01.
  4. Mission to search for alien life in outer atmosphere telegraph.co.uk, 2. Oktober 2010; Cranfield Astrobiological Stratospheric Sampling Experiment (abgerufen am 5. Oktober 2010)