De Begrëff Stralung bezeechent an der Physik d'Ausbreede vun Deelercher oder Wellen. Am éischte Fall schwätzt ee vu Korpuskularstralung oder Deelchestralung, am zweete vu Wellestralung.

No haitege Kenntnesser huet all Stralung Deelecher- wéi och Welleneegeschaften (kuckt ënnen).

Begrëffsklärung änneren

Trotz dem allgemenge Begrëff Wellenausbreedung ginn am Allgemenge mechanesch Wellen – wéi z. B. de Schall – net als Stralung bezeechent, obwuel sech d'Gesetzméissegkeete gläichen.

Stralen, d'Méizuelform vu Stral, gëtt heiansdo gläichbedeitend mat dem Begrëff Stralung gebraucht, och an Zesummesetzunge wéi z. B.: „Alphastralen“ oder „Röntgenstralen“. Eng Eenzuel wéi z. B. „Röntgenstral“ bezeichent dogéint bal ëmmer ee Stralebëndel. „Liichtstral“ kann allerdéngs béides, den idealiséierte linnefërmege Stral (kuckt Geometresch Optik) oder e Stralebëndel, bedeiten.

Grondlagen änneren

Stralung huet eng Richtung an transportéiert ëmmer Energie an Impulser. Wa Stralungsdeelercher Mass, Ladung oder aner Eegenschaften hunn, ginn och déi transportéiert. Allerdéngs kënnen z. B. zwéi Kierper mat der selwechter Temperatur jiddwerengem déi selwecht Energie pro Zäiteenheet zoustralen, soudatt „netto“ keen Transport gemaach gëtt (Stralungsgläichgewiicht).

Trëfft d'Stralung op eng Barriär, gëtt si entweeder absorbéiert (ëmgewandelt), onbeaflosst transmittéiert (duerchgelooss), gestreet oder reflektéiert (zeréckgeworf) – et schwätzt een och vu Remissioun.

Déi historesch Debatt, ob Liichtstralen aus Deelercher oder Welle bestinn, gouf an der Quantentheorie domat beäntwert, datt ee Liichtstral aus Photonen besteet, wou den Openthaltsuert am Kader vun der Quantemechanik duerch eng Warscheinlechskeetswell beschriwwe gëtt. Déi Warscheinlechkeetswelle kënne mateneen interferéieren (kuckt Duebelspléckexperiment). Louis de Broglie huet a senger Theorie vun de Materiewelle gewisen, datt jiddwer Deelchen enger Wellelängt zougerechent ka ginn. Dat erkläert, firwat zum Beispiel een Elektronestral och Interferenzphenomeener weist. (Kuckt och Wellen-Deelchen-Dualismus.)

Et schwätzt een am Fall vu sech stralenarteg ausbreedender Matière éischter vun engem Deelchen- oder Matière-Floss. Am mënschlechen Ëmfeld (Längten 1 cm – 1 m) verhale sech Wellen (och Matièrewellen) mat Wellelängten uewerhalf vun zirka 1 m änlech wéi reng Wellen, woufir hei gär de Begrëff „Well“ gebraucht gëtt. Den Unhang „-stralung“ gëtt bei kuerze Wellelängten ugetraff.

Aarte vu Stralen no Energie oder Deelchenaart änneren

Aarten vu Stralen no Genesis oder Wierkung änneren

Änlech Theemen änneren