Stone Sour

US-amerikanesch Band
Stone Sour
Grënnung: 1992
Genre: Hard Rock
Website: http://www.stonesour.com
Aktuell Memberen
Gesank & Gittar: Corey Taylor
Gittar: James Root
Giatrr: Josh Rand
Bass-Gittar: Shawn Economaki
Battrie: Roy Mayorga
Fréier Memberen
Gittar: Bruce Swink
Battrie: Joel Ekman

Stone Sour ass eng US-amerikanesch Band, déi no eegenen Aussoen e "melodeschen" Hard Rock mat Inhalter an Initiative spillt.

Bandgeschicht änneren

D'Band gouf 1992 vum Corey Taylor gegrënnt. No der éischter Demo a ville Concerten an de verschiddenste Clibb koum 1997 d'Zäit, wou sech de Corey Taylor vun der Band getrennt huet a sech doropshin der Band Slipknot ugeschloss. Kuerz Zäit duerno huet och den James Root dëse Schrëtt gemaach. Och de Shwan Economaki ass als Optrëttsmanager mat eriwwer gewiesselt.

2002 wollt sech de Josh Rand mam Corey Taylor treffen, fir him e puer Lidder ze weisen. Fir déi nächst 18 Méint hu déi zwéi sech zeréckgezunn, fir nei Lidder ze schreiwen, fir domat de Projet "Stone Sour" weiderféiere ze kënnen. Den Taylor an de Rand hu fonnt, datt déi nei Songs eng héich Qualitéit hätten an zimmlech no un de Wuerzele vun der Band wieren. Se hu kuerzerhand d'Band zu Des Moines (am Iowa) nees zesummegeruff an zéng Joer no der Grënnung vun der Band hiren Debutalbum Stone Sour produzéiert. Am Mäerz 2006 huet de Batteur Joel Ekman d'Band verlooss, säin Nofollger gouf de Roy Mayorga, dee fréier Drummer bei Soulfly war. Den 28. Juli 2006 ass den neien Album Come What (ever) May erauskomm, dee vun den däitschen Heavy-Metal-Zeitunge Rock Hard a Metal Hammer als Album vum Mount gewielt gouf. Metal Hammer huet Come What (ever) May réckwierkend als Album vum Joer 2006 gewielt.

Stone Sour zu Lëtzebuerg änneren

Discographie änneren

Albumen änneren

Singles änneren

  • 2002 - Get Inside
  • 2002 - Bother
  • 2003 - Inhale
  • 2006 - 30/30-150
  • 2006 - Through glass
  • 2007 - Sillyworld
  • 2007 - Made of Scars
  • 2007 - Zzyzx Rd
  • 2010 - Mission Statement
  • 2010 - Say You'll Haunt Me
  • 2010 - Digital (Did You Tell)
  • 2011 - Hesitate
  • 2012 - Gone Sovereign
  • 2012 - Absolute Zero
  • 2012 - RU486
  • 2013 - Do Me a Favor
  • 2015 - The Dark
  • 2017 - Fabuless
  • 2017 - Song #3
  • 2017 - Taipei Person/Allah Tea
  • 2018 - Burn One Turn One
  • 2019 - Whiplash Pants (live)

Demoen, EPen & Special Éditions änneren

  • 1992 - Demo
  • 1994 - Stone Sour (Demo)
  • 1996 - Demo
  • 2000 - Demo
  • 2003 - Stone Sour (Special Edition) (mat 5 Bonus Tracks an enger DVD mat 3 Videoclipen)

Musekvideoen änneren

  • 2002 - Get Inside
  • 2002 - Bother
  • 2003 - Inhale
  • 2006 - Reborn
  • 2006 - 30/30-150
  • 2006 - Through glass
  • 2007 - Sillyworld
  • 2007 - Made of Scars
  • 2009 - Bother (live)
  • 2010 - Say You'll Haunt Me
  • 2010 - Digital (Did You Tell)
  • 2010 - Hesitate
  • 2012 - Gone Sovereign
  • 2012 - Absolute Zero
  • 2013 - Do Me a Favor
  • 2013 - Tired
  • 2015 - The Dark
  • 2016 - Zzyzx Rd
  • 2017 - Fabuless
  • 2017 - Song #3
  • 2017 - Rose Red Violent Blue (This Song Is Dumb & So Am I)
  • 2018 - St. Marie
  • 2018 - Knievel Has Landed
  • 2019 - Whiplash Pants (live)

Um Spaweck änneren

Commons: Stone Sour – Biller, Videoen oder Audiodateien