De Stillchen oder Lomperank (de: Pranger) war en Dispositif fir verurteelt Persounen ëffentlech ze strofen. Et war och den Numm vun der Plaz wou se virum Publikum gestrooft goufen.

Am Stillchen
Lomperank zu Ilmenau
Gutt erhalene Stillchen zu Braine-le-Château

Well de Verurteelten op deem Dispositif net nëmmen eleng am Stoen, mä och bei senger Strof duerch Streech, am Sëtzen ausgestallt gouf, gouf dat Instrument zu Lëtzebuerg de Stillchen (klenge Stull) genannt.

Geschichtleches änneren

An der Stad Lëtzebuerg stoung de Stillchen um Fëschmaart. E gouf eréischt duerch e Gesetz vum 18. Juni 1879[1] ofgeschaaft.

Literatur änneren

  • An der lëtzebuergescher Literatur geet am 3. Gesank vum Michel Rodange sengem Renert vum Stillchen rieds, do wou et heescht:
    • Nu gitt an drot dës Buetscheft
    • Dem Renert op séng Buerg,
    • Datt, wann en net géif kommen,
    • Et géing em net méi duerch.
    • Da loossen ech e fänken,
    • Sai Schlass dat gët besat;
    • E gët gestrooft mam Stillchen,
    • Mam Gaalgen a mam Rad.

Um Spaweck änneren

Commons: Pillories – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Loi du 18 juin 1879 portant révision du Code pénal