Steve McQueen (Regisseur)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat dem brittesche Kënschtler a Regisseur. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Steve McQueen (Homonymie).

De Steve McQueen CBE, gebuer den 9. Oktober 1969 zu London, ass en englesche Kënschtler, Fotograf a Filmregisseur. Fir säi Film 12 Years a Slave huet hien 2014 den Oscar fir de beschte Film gewonnen.

Steve McQueen
Gebuer 9. Oktober 1969
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Tisch School of the Arts
Aktivitéit Filmregisseur, Sculpteur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmproduzent, Kënschtler, Televisiounsproduzent, Videoskënschtler, Filmmécher
De Steve McQueen bei der Première vun 12 Years a Slave zu Toronto (2013).

Liewen änneren

De Steve McQueen huet um Chelsea College of Art and Design, um Goldsmiths College zu London an op der Tisch School zu New York City studéiert. 1999 krut e fir seng Fotografien an Installatiounen den Turner Prize.

Seng éischt Filmer waren experimentell, minimalistesch a Schwaarz-Wäiss gedréint, an hate Referenzen op de Stommfilm (Buster Keaton).

2003 gouf de McQueen vom offizielle "Krichskënschtler" fir den Irakkrich an huet an deem Kader 2006 (als embedded Artist) de Projet "Queen and Country" realiséiert[1].

2008 huet en um Festival vu Cannes sâin éischte Spillfilm, Hunger, virgestallt, deen den Hongerstreik vum IRA-Member Bobby Sands (gespillt vum Michael Fassbender) bis zum Enn weist. 2011 koum säin zweete Film, Shame, eraus (och nees mam Fassbender an der Haaptroll) iwwer e sexsüchtegen New-Yorker.

2013 huet hien 12 Years a Slave gedréint, ee Film iwwer d'Sklaverei an de Südstaate vun den USA an der Mëtt vum 19. Joerhonnert, deen op de Memoirë vum Solomon Northup baséiert, mam Chiwetel Ejiofor an der Haaptroll. De Film huet eng sëllege Präisser gewonnen, dorënner 2014 den Oscar fir dee beschte Film.

Ausstellungen änneren

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Queen and Country