De Stephen Wiltshire, MBE, gebuer de 24. Abrëll 1974 zu London, ass en autistesche Kënschtler mat enger Inselbegabung. Hien intresséiert sech haaptsächlech fir Äerdbiewen, Autoen an Architektur.

Stephen Wiltshire
Gebuer 24. Abrëll 1974
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Illustrateur, Kënschtler, Moler

Liewen änneren

Beim Stephen Wiltshire, och „déi lieweg Kamera“ genannt, gouf am Alter vun dräi Joer Autismus diagnostizéiert. Am selwechte Joer ass säi Papp bei engem Motoradsaccident gestuerwen. Am Alter vu véier Joer gouf de Stephen un d'Queensmill School a London verwisen, wou säin Interesse fir d'Zeechne wakreg gouf. Seng Zeechnunge ware fir hien e Mëttel fir ze kommunizéieren. Am Alter vun aacht Joer huet hien ugefaangen Autoen a Stied no Äerdbiewen ze molen.

Säi Schoulmeeschter, de Chris Marris, huet seng Begabung gefërdert. Mat senger Hëllef huet de Wiltshire am Alter vun néng Joer geléiert ze schwätzen. Mat zéng Joer huet de Wiltshire eng Serie vu Biller gezeechent, genannt London Alphabet, eng Rei vu Londoner Attraktiounen, jeeweils eng Zeechnung pro Buschtaf.

Mëttlerweil ass de Wiltshire e berüümte Kënschtler. Seng Inselbegabung mécht et him méiglech, en Objet ze kucken an duerno e ganz exakt an detailléiert Bild dovun ze zeechnen. Op dës Aart a Weis huet hie komplett Stadbiller vu London, Roum, Hongkong oder Frankfurt am Main gezeechent, nodeem e just eng Kéier mat engem Helikopter iwwer d'Stad geflunn ass. Hien ass och fäeg, imaginär Biller ze molen, wéi d'Saint Paul's Cathedral déi a Flame steet.

Dem Wiltshire säi Wierk ass zanterhier Bestanddeel vun enger ganzer Rei TV-Dokumentatiounen. Den Neurolog Oliver Sacks huet him e Kapitel dediéiert a sengem Buch An Anthropologist On Mars.

Am Joer 2007 gouf de Stephen Wiltshire an Unerkennung fir seng Leeschtungen duerch d'Elisabeth II. zum Member of the Order of the British Empire (MBE) ernannt.

Wierker änneren

  • Cities (1989)
  • Floating Cities (1991)
  • Stephen Wiltshire's American Dream (1993)

Um Spaweck änneren