De Stephen P. Synnott, gebuer am Joer 1946 am US-Bundesstaat New Jersey) ass en US-amerikaneschen Astronom, deen um Voyager-Projet vun der NASA fir d'Erfuerschung vum baussenzege Sonnesystem matgeschafft huet.

Stephen P. Synnott
Gebuer 1946
New Jersey
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

Liewen a Karriär änneren

No engem Bachelorstudium vun der Loftfaarttechnik am Rensselaer Polytechnic Institute goung hien 1968 op d'Massachusetts Institute of Technology, wou hien 1970 de Masterstudium ofgeschloss hat. 1974 hat hien dann promovéiert a vun 1975 un huet hien am Jet Propulsion Laboratory vum California Institute of Technology geschafft.[1]

Den Synnott huet mat Fotoe vun de Voyagersonden en ettlech Mounden am Sonnesystem entdeckt, dorënner de Metis, de Larissa, de Proteus[2], den Cressida[3] an den Thebe.

Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (6154) Stevesynnott genannt.[4]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Campbell, J. K. u.a.:Voyager, Orbit Determination at Jupiter (PDF; 1,3 MB)
  2. Proteus
  3. Astronomer Stephen P. Synnott discovers Uranus moon Cressida
  4. Dictionary of minor planet names Lutz D. Schmadel page 513 retrieved 6th Sept 2010