Stan Ockers

belsche Vëlossportler

De Josephus Constant genannt Stan Ockers, gebuer den 3. Februar 1920 zu Borgerhout, engem Distrikt vun Antwerpen a gestuerwen den 1. Oktober 1956 an enger Klinick vun Antwerpen[1], war ee belsche Vëlossportler.

Stan Ockers
Gebuertsnumm Josephus Constant Ockers
Gebuer 3. Februar 1920
Gestuerwen 1. Oktober 1956
Antwerpen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Vëlossportler
Monument fir de Stan Ockers op der Côte des Forges op der Nationale 62 tëscht Beaufays a Louveigné

De Stan Ockers deen 1941 Profi gouf konnt sech eréischt an den 1950er Jore richteg profiléieren. Seng bescht Jore waren tëscht 1953 a 1955 mat Succèsen op der Flèche wallonne (1953) an um Week-end ardennais (1955).

1955 gouf hien och an Italien zu Frascati Weltmeeschter op der Strooss, an op der Pist zesumme mam Rik van Steenbergen belsche Champion an der Américaine.

Um Tour de France konnt hie sech zweemol als Zweete placéieren an zwar 1950 hanner dem Ferdi Kübler an 1952 hanner dem Fausto Coppi.

1955 an 1956 war hie beim Tour de beschte Sprinter.

Hien hat knapps 36 Joer wéi hien den 29. September 1956 bei engem Pistefueren zu Antwerpen sou schwéier gefall ass, datt hien zwéin Deeg drop gestuerwen ass.

Palmarès änneren

1941 änneren

1946 änneren

1948 änneren

1953 änneren

1954 änneren

1955 änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Stan Ockers" vum Claude Degauquier