Stéphanie Empain

lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin


D'Stéphanie Empain, gebuer den 11. August 1983 an der Stad[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra, fréier Sportlerin a Politikerin (Déi Gréng).

Stéphanie Empain
D'Stéphanie Empain am Juli 2018
Gebuer 11. August 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Kuerzstreckeleefer
Partei déi gréng

Si ass bestuet, huet zwee Kanner a wunnt zu Ierpeldeng[2].

Formatioun a Karriär änneren

D'Stéphanie Empain huet Politikwëssenschaft[2] studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss. Si huet zwee Joer laang am État-major vun der Lëtzebuerger Arméi geschafft an duerno sechs Joer laang de Regionalen Tourismusbüro Éislek geleet[3].

Zënter 2015 ass si Beroderin fir de Gebrauch vu stoffe Wëndele fir Bëbeeën[4] an huet och e Geschäft mat ekologesche Produite fir Bëbeeën a Mammen[1].

Politesch Mandater änneren

D'Stéphanie Empain war schonn eng Zäitche bei Déi jonk gréng aktiv a gouf, no der Demissioun vun der Françoise Folmer am Juni 2018, zesumme mam Claude Turmes als Spëtzekandidatin vun Déi Gréng am Nord-Bezierk fir d'Chamberwalen 2018 virgestallt[5]. Si gouf net direkt an d'Chamber gewielt, ass awer ‘nogeréckelt’ nodeem de Claude Turmes an d'Regierung genannt gouf[6]. Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

Op politeschem Plang wëll si sech absënns fir gesondheets- a familljepolitesch Sujeten asetzen[7].

Sportlerin änneren

Scho mat 6 Joer huet d'Stéphanie Empain sech fir d'Liichtathleetik intresséiert a si war ënner anerem an der Spora als Sprinterin aktiv. Si huet mat 19 Joer mam Sport opgehalen, fir sech ëm hire Studium ze këmmeren[8].

Den 1. Dezember 2018 gouf si als nei Presidentin vun der Liichtathleetiksfederatioun gewielt an huet domat d'Successioun vum Claude Haagen iwwerholl[9].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Bamboo and Cotton, Stéphanie Empain A40499 am Handelsregëster op lbr.lu, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
  2. 2,0 2,1 Grüne stellen Wahlslogan vor - Wahlprogramm soll Ende des Monats verabschiedet werden op journal.lu den 18. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
  3. Déi Gréng setzen im Norden auf Turmes und Empain op lessentiel de 7. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
  4. Workshop Stoffwindeln op ouni.lu, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
  5. Stéphanie Empain pour remplacer Françoise Folmer op paperjam.lu de 7. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
  6. Déi Gréng: Grünes Licht für Blau-Rot-Grün op wort.lu de 4. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt de 5. Dezember 2018
  7. „E Portrait vun der Stéphanie Empain“, op rtl.lu den 20. Juni 2018 (Kuckt Um Spaweck)
  8. Marie-Paule Thoma, „Gemeinsam mit den Vereinen“ am Tageblatt vum 30. November 2018, gekuckt op PressReader.com den 3. Dezember 2018
  9. Empain neue FLA-Präsidentin op wort.lu den 1. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018