De Stéphane Udry gebuer am Joer 1961 zu Sion ass e Schwäizer Astronom. Hien ass fir seng Entdeckunge vun Exoplanéite bekannt ginn. Hie war bei der Entdeckung vu ville Planéite bedeelegt, dorënner och de Gliese 581 c, den éischten extrasolare Planéit, op deem méiglecherweis flësseg Waasser (an domat och Liewen) existéiere kënnt.

Stéphane Udry
Gebuer 1961
Sitten
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Genf
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun International Astronomesch Unioun

Säi Liewen änneren

De Stéphane Udry huet säin Doktertitel 1992 an der Universitéit Genf gemaach. Duerno huet hien zwee Joer an der Rutgers University zu New Jersey (USA) geschafft. Spéider ass hien nees zeréck op Genf komm an huet als wëssenschaftleche Mataarbechter am Team vum Michel Mayor (dem Entdecker vum éischten Exoplanéit, 51 Peg) geschafft. 2007 gouf hien zum Professer un der Fakultéit fir Naturwëssenschafte vun der Universitéit Genf beruff.

Aarbecht änneren

Am Ufank vu senger Carrière beschäftegt sech den Udry mat der Dynamik vu Galaxien. Säin Haaptaarbechtsgebitt ass awer haut d'Moosse vu radiale Vitessen vun anere Stäre fir sou extrasolar Planéiten ze fannen. De Stéphane Udry war bis elo bei 84 Exoplanéitenentdeckunge bedeelegt[1]. Dorënner ass och de Planéit Gliese 581 c, deen éischte bis elo entdeckten äerdänleche Planéit, op deem méiglecherweis och flëssegt Waasser existéiere kënnt.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Liste der Exoplaneten, déi vum "Geneva Extrasolar Planet Search Programm" entdeckt goufen

Um Spaweck änneren