Als Ställercher bezeechent een déi Sëtzgeleeënheeten déi parallel zu der Längsachs vun enger Kierch am Chouer opgestallt sinn. Et fënnt ee se haaptsächlech an Klouschterkierchen an a Kathedralen well se do vun de Pateren oder Nonnen respektiv dem Doumkapitel fir d'Stonnegebiet benotzt ginn.

Ställercher an der Kierch zu Maria Laach

Meeschtens sinn et hëlze Konstruktioune bei deenen déi eenzel Stallen (sou heescht eng eenzel Sëtzgeleeëenheet) mat Trennwänn vuneneen ofgedeelt sinn. Déi Trennwänn sinn op d'mannst sou héich datt se fir een de steet kënnen als Accoudoir déngen. De Sëtz selwer ass en hëlzent Briet, dat kann eropgeklappt ginn. Op der Ënnersäit vum Briet ass eng Konsol, déi Misericordia, d. h. Matleed, heescht. Si kuckt am eropgeklappten Zoustand no uewen (wéi op der Foto) an erméiglecht sou dem Benotzer sech ofzestäipen, hie brauch also net déi ganz Zäit wierklech ze stoen. Dacks si Ställercher och ganz räich dekoréiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Choir stalls – Biller, Videoen oder Audiodateien