D'Spuenescht Duerf zu Barcelona, oder och nach Poble Espanyol genannt, gouf 1929 fir d'Weltausstellung gebaut. Et läit um Montjuïc, en 173 m héije Bierg an der Stad.

Am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona

Do fënnt ee charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt.

Et ass eng beléift Attraktioun fir Touristen wou am Summer op der Duerfplaz Concerte sinn a wou een duerch déi kleng Gässele mat ville Restauranten, Geschäfter, Handwierksatelieren, Caféën a Baren kann trëppelen.

En änlecht "spuenescht Duerf" gëtt et och zu Palma de Mallorca (Pueblo Español de Palma de Mallorca).

Um Spaweck änneren

Commons: Poble Espanyol – Biller, Videoen oder Audiodateien