Sprimont ass eng belsch Uertschaft an der Provënz Léck (Wallounien) an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Sprimont
Land Belsch
Awunner 14.645 (1. Januar 2018)
Fläch 74,28 km²
Koordinaten 50°30'N, 5°40'O
Telefonszon 04
Postcode 4140
Websäit https://www.sprimont.be
Schëld op der Gemeng zu Sprimont
Schoul vu Sprimont

Uertschaft änneren

Geographie änneren

Sprimont läit ongeféier an der Mëtt vun engem laange schmuelen Dall wou keng nennenswäert Bach derduerch leeft. Den Dall fänkt zu Chanxhe op der Ourthe op enger Héicht vun 200 m un, a geet mat enger zimmlech liichter a gläichméisseger Steigung erop bis op Héicht vu Louveigné (300 m). Sprimont selwer läit op 225 m.

Verkéier änneren

Stroossen änneren

Zu Sprimont kräize sech zwou Nationalstroossen an zwar d'Nationale 678 déi dem Dall no leeft an am rechte Wénkel dozou d'Nationale 30.

D'Nationale 678 ass och net wäit vu Sprimont mat der Autobunn A26 / E25 Léck-Baaschtnech verbonnen.

Eisebunn änneren

Fréier war Sprimont och un d'Eisebunnsnetz ugestréckt duerch eng Vizinalbunn déi vu Poulseur op Trooz gaangen ass. Dësen Zichelche sollt schonn an de fréie fofzeger Joren ofgeschaaft ginn, huet et dunn awer trotzdeem bis bal an d'Sechzeger gepackt. Ursaach dovu waren d'Dammbréch an Holland, déi grousse Schued ugeriicht haten, wourophin d'Hollänner den Deltaplang an d'Welt gesat hunn, an all hir Däicher vill vergréissert hunn. Do stoung Sprimont mat senge Steebréch mat un éischter Plaz als Liwwerant vu Steng vun alle Kaliberen. Wann een a Zeeland laanscht d'Mier fiert, gesäit ee plazeweis grouss däischter Zyklopesteng leien. Dat ass Pierre bleue vu Sprimont an och aus de Steebréch vun den Nopeschdierfer. Déi Steng si mat der Vizinalbunn bis op Chanxhe transportéiert ginn, wou se op engem speziell dofir opgeriichten Héichquai an d'Wagone vun der normaler Eisebunnslinn ëmgeluede goufen. De Quai, dee laanscht den Ourthe-Kanal stoung, ass haut nach ze gesinn.

Geschicht änneren

D'Geschicht an d'Economie vum Duerf hounge schonn a fréieren Zäiten enk mat de Steekaulen zesummen. Hei goufen d'Steng gebrach fir déi Lécker Palaisen, Kierchen a grouss Villaen ze bauen. Steng goufen zanter dem Bau vum Ourthe-Kanal mat klenge Schëffer de sougenannte Betchetten de Floss erof transportéiert, bis am Ufank vum 20. Joerhonnert den Zuch dës Charge iwwerholl huet. Zu Sprimont gouf et dofir eng Hellewull Steeklapperten a Steenheeër déi an de Steekaulen an an den Ateliere ronderëm hiert Brout verdéngt hunn.

Zeie vun dëser Vergaangenheet ass de Steemusée zu Sprimont an ee Veräin deen eng Partie vun der Eisebunnsstreck gerett huet, an déi elo als Muséesbunn weiderféiert.

Steekaule selwer sinn och elo nach a Betrib, wann och manner Leit do schaffen.

Gemeng änneren

 
Steekaul zu Sprimont

Zanter de Gemengefusiounen an der Belsch vun 1977 gehéieren déi al Gemenge Sprimont, Louveigné, Dolembreux, Gomzé-Andoumont, Rouvreux, an eng Partie vun der aler Gemeng Comblain-au-Pont (Fraiture-Rivage-Douxflamme) zu dëser neier administrativer Formatioun.

Den 1. Januar 2006 hunn hei 12.782 Leit op enger Fläch vu 74,52 km² gelieft.

Geographie änneren

D'Gemeng läit op engem Plateau, (ausser Sprimont selwer) ronderëm deen d'Däller vun der Vesdre (am Norden), der Ourthe (Westen), der Amblève (Süden) an der Hoëgne (Osten) leien.

Geschicht änneren

D'Gemeng ass bekannt fir d'Granitsteng, Pierre bleue genannt, déi do ofgebaut ginn.

Wann ee vun der Gemeng an de Steekaule schwätzt kënnt een net dolaanscht fir D'Famill Van Roggen z'ernimmen déi vill zum Wuelstand an zu e puer schéine Gebaier zu Sprimont bäigedroen huet. D'Gemengeverwaltung ass haut an dem Schlass dat dës Steekaulebesëtzer fréier haten, grad sou wéi de Musée de la Pierre deen an deem alen Elektrizitéitswierk vun de Steebréch ënnerbruecht ass.

Op der rietser Säit vun der Amblève ass de Site Belle-Roche, eng Hiel, an där déi bis ewell eelsten Iwwerreschter vu mënschlechen Aktivitéiten an der Beneluxgéigend fonnt goufen (ongeféier 500.000 Joer).

De 6. August 1914, hunn d'73. a 74. Infanterieregiment vun der keeserlecher däitscher Arméi 40 Zivilisten erschoss a 60 Haiser zu Esneux um Ufank vun der Invasioun zerstéiert.

Schlass van Roggen änneren

D'Schlass van Roggen ass haut d'Verwaltungsgebai vun der Gemeng Sprimont.

D'Gebai ass an zwou Kéieren opgeriicht ginn. De rietse Flillek ass am Ufank vum 20. Joerhonnert vun der Famill van Roggen gebaut ginn. Dee lénksen, dee méi grouss a méi imposant ass, gouf ëm 1920 vun der S.A. Carrières de Merbes-Sprimont gebaut fir do d'Direktioun vun der Steekaul ënner ze bréngen.

An den 1950er Jore gouf d'Schlass der Gemeng verkaaft an déi hat wëlles ee Jugendzenter dran ze maachen. Wéi 1977 d'Gemengen duerch Fusioun zesummegeklappt goufen, ass awer decidéiert ginn, d'Verwaltung vun där neier Gemeng do dran z'installéieren.

Kierch änneren

 
Kierch vu Sprimont

D'Kierch vu Sprimont steet op engem Ausleefer vun enger Kopp a kuckt iwwer Sprimont ewech. D'Parkierch vu Sprimont ass dem Hl.Martin geweit. D'Par selwer gehéiert zum Dekanat Ourthe-Amblève-Condroz. Well Sprimont e Minières-Duerf ass, steet op der Plaz virun der Kierch, eng stenge Sculptur vun der Hl. Barbara.

Nopeschgemengen änneren

Sprimont stéisst un d'Gemengen Chaudfontaine (Beaufays) an Trooz am Norden, am Westen ass Esneux-Tilff, am Süden Aywaille an am Osten Theux a Pepinster.

Bekannt Leit änneren

Jumelagen änneren

 
Skulptur vun der Hl. Barbara virun der Kierch zu Sprimont

Montmagny   Frankräich änneren

De Jumelage mat der Gemeng Montmagny aus dem Val d'Oise geet haaptsächlech op d'Initiativ vun der Famill Nisin zeréck, déi beim Jumelage vun de Foussballsclibb vun deenen zwou Gemenge bedeelegt war. Doduerch hunn de zwéi Clibb sech vun 1969 un, reegelméisseg getraff an an de Joren 1991-92 sinn dann och d'Buergermeeschtere vun deenen zwou Gemenge sech eens ginn an hunn de Jumelage offiziell gemaach.

Le Perréon   Frankräich änneren

Dëse Jumelage geet op déi al Gemeng Louveigné zeréck. Op Initiativ vun der Gemeng Le Perréon am Beaujolais a vum Geschäftsverband vu Louveigné gouf am Joer 1970 e Jumelage tëscht deenen zwou Gemenge gemaach. All Joer sinn ofwiesselnd Besich gemaach ginn an et ass flott gefeiert ginn. Et sinn och grouss Frëndschaften tëscht Familljen entstanen. Bei der Fusioun vun de Gemengen 1977 ass dat du weidergefouert ginn. Beim 20. Gebuertsdag dee feierlech begaange gouf, ware Vertrieder vun der Europäescher Gemeinschaft, an d'franséischt Konsulat vertrueden.

Mamou   USA änneren

De Jumelage mat Mamou am Louisiana war offiziell am September 1998 zu Sprimont an de Géigebesuch zu Mamou war dat Joer duerno bei Geleeënheet vun de Fester vun der Francophonie.

Vineuil   Frankräich änneren

Dëse Jumelage huet 1991 ugefaangen an ass entstane well een Awunner vu Chanxhe an een aus dem Berry sech reegelméisseg op Rallyë begéint sinn, an d'Iddi haten, hir zwee Dierfer ze jumeléieren. Zanterhier begéine sech verschidde Famillje reegelméisseg fir ee kulturellen Austausch ze hunn, woubäi awer net vergiess gëtt sech z'ameséieren an haaptsächlech gutt ze baffen.

Touristesches änneren

 
Monument vun de Fransousen op der Kopp vun der Côte de la Redoute
  • D'Pilgeruertschaft Banneux
  • De Steemusée zu Sprimont
  • Den Zichelche vu Sprimont
  • D'Belle Roche zu Fraiture eng paleontologesch Plaz vu viru 500.000 Joer.
  • D'Monument fir d'Fransousen zu Warnoumont dat drun erënnert datt d'franséisch Arméi do den Éisträicher 1794 eng verpasst hat. Déi Victoire hat mat sech bruecht datt Sprimont zu Paräis um Arc de Triomphe mat opgezielt ass.
  • D'Schlass vu Fays. Een aalt Härenhaus aus dem héije Mëttelalter (als Monument national klasséiert)
  • D'Maison Forte vun Damré - eng befestegt Plaz vum Ufank vum XV. Joerhonnert
  • D'Tour de la Dîme zu Louveigné

Ausser dës Plazen ze besichen, kann een an der hiwweleger Géigend vu Sprimont schéin Trëppeltier maachen a seng Heckegéigend mat villen Huelweeër zitt och Reider a VTTisten un.

Um Spaweck änneren

Commons: Sprimont – Biller, Videoen oder Audiodateien