E Spréchwuert[1] ass en "allgemeng bekannten, festgepräägte Saz, deen eng Liewensreegel oder Wäisheet a charakteristesch, kuerzer Form ausdréckt" (de Sprooch- a Literaturwëssenschaftler Wolfgang Mieder). Dacks sinn sou Sätz net um éischten Degré ze huelen mä just am iwwerdroene Sënn. Et fënnt een och heiansdo Spréchwierder déi sech widderspriechen, jee nodeem ob se z. B. d'Kéngt oder d'Virsiicht priedegen.

"Hollännesch Spréchwierder" vum Pieter Brueghel, den Eeleren.
… mat den Erklärunge vun 80 Spréchwierder déi am Bild verstoppt sinn

An der Sproochwëssenschaft gëtt d'Léier vun de Spréchwierder Parömiologie genannt.

Literatur änneren

  • Földes, Csaba (Ed.): Res humanae proverbiorum et sententiarum. Ad honorem Wolfgangi Mieder. Tübingen: Gunter Narr Verlag 2004. 405 S. (mat vill däitsch- an engleschsproochege Bäiträg fir d'Ënnersiche vu Spréchwierder)
  • Taylor, Archer: The Proverb. Harvard University Press, Cambridge (MA), 1931.
  • Simrock, Karl (Ed.): Die deutschen Sprichwörter. Neuausgabe Stuttgart 1988 (reclam). 630 S. (mat 12.396 däitsche Spréchwierder alphabetesch zortéiert)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Spréchwierder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Spréchwuert: LOD, Lux-Dico, DFL; Sprachwuert: Luxemburger Wörterbuch