Spiller vun de klenge Länner

Multisportevenement vun 8 europäesche Klengstaaten

D'Spiller vun de klenge Länner (JPEE) ass ee Multisportevenement bei deem déi klengst Staate vun Europa matmaachen. Si gi vun den Nationalen Olympesche Kommiteeë vun 8 europäesche Klengstaaten zanter 1985 all 2 Joer organiséiert.

Déi dräi Medailen; déi 8 olympesch Réng sti fir déi 8 Grënnerstaaten

Startberechtegung änneren

 
D'Lag vun de Staaten an Europa

Fir kënne bei de Spiller matzemaachen, mussen d'Länner een onofhängegen NOK hun, an Europa leien a manner wéi eng Millioun Awunner hunn. Follgend Länner hu manner wéi eng Millioun Awunner:

Land Awunnerzuel    Bemierkung
  Zypern 788.000   zanter 1985 dobäi
  Montenegro 618.000   zanter 2006 onofhängeg mä nach net deelgeholl
  Lëtzebuerg 470.000   zanter 1985 dobäi
  Malta 401.000   zanter 1985 dobäi
  Island 316.252   zanter 1985 dobäi
  Andorra 82.600   zanter 1985 dobäi
  Färöer 48.100   nach keen onofhängege Staat
  Liechtenstein 35.800   zanter 1985 dobäi
  Monaco 32.500   zanter 1985 dobäi
  San Marino 29.000   zanter 1985 dobäi
  Vatikanstad 803   net derbäi well keen NOK

Disziplinnen änneren

Bei de Spiller vun de klenge Länner gëtt et eng variabel Zuel vun Disziplinnen. Bei de Spiller vun de klenge Länner 2009 zu Zypern gëtt et déi heiten: Basketball, Beach-Volleyball, Dëschtennis, Judo, Liichtathleetik, Mountainbike, Seegelen, Schéissen, Schwammen, Tennis, Turnen a Volleyball.

Wou se ausgedroe ginn änneren

Éiwege Medailespigel änneren

Spiller vun de klenge Länner
Éiwege Medailesspigel
(Stand: 2017)
Plaz Land Gold Sëlwer Bronze Total
1   Island 479 367 358 1204
2   Zypern 468 398 354 1220
3   Lëtzebuerg 369 371 346 1086
4   Monaco 119 148 220 487
5   Malta 67 132 193 392
6   Liechtenstein 64 73 94 231
7   San Marino 61 109 141 311
8   Andorra 45 89 118 252
9   Montenegro 35 12 24 71

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren