Den South Pole Telescope (SPT) ass e Radioteleskop mat 10 m Reflekterduerchmiesser mat Standplaz op der Amundsen-Scott-Südpolstatioun.

Den 10 Meter Südpol-Teleskop

Den SPT schafft am Millimeterwelleberäich bei Frequenze vun 95, 150 an 220 GHz. Duerch déi exzellent Eegenschafte vun der kaler an dréchener Observatiounsplaz um Südpol an duerch de Gebrauch vu grousse Bolometerkamerae mat zurzäit 960 Elementer kënne séier grouss Himmelsgebidder kartéiert ginn. D'Genauegkeet vum Reflekter erlaabt och nei Observatiounen am Submillimeterberäich.

Wëssenschaftlecht Haaptzil vum SPT ass et, mat Hëllef vum Sunyaev-Zeldovich-Effet Dausende Galaxienkéip z'entdecken, firm at hirer Hëllef d'Zoustandsgläichung vun der Donkeler Energie z'ënnersichen. Och net duerch den SZ-Effet ausgeléiste Anisotropien vum kosmesche Mikrowellenhannergrond ginn observéiert. Gläichzäiteg entdecken déi groussflächeg Duerchmusterunge mat dem SPT Radiogalaxië an duerch de Gravitatiounslënseneffet verstärkt Infraroutgalaxië bei héijer Routverrécklung.

Den SPT gëtt vun der National Science Foundation finanzéiert. De Projet ass eng Zesummenaarbecht vun University of Chicago, University of California, Berkeley, Case Western Reserve University, University of Illinois at Urbana-Champaign, Smithsonian Astrophysical Observatory, University of Colorado at Boulder, McGill University an der University of California, Davis.

A sengem wëssenschaftlechen Zil ass den SPT dem Atacama Cosmology Telescope gläich ze setzen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren