Soumagne, op Wallounesch Soûmagne, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz am Arrondissement Léck, am Pays de Herve.

Soumagne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 16.888 (1. Januar 2018)
Fläch 2.714
Koordinaten 50° 36’ 44’’ N
      05° 44’ 47’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4630
Websäit https://www.soumagne.be
D'Schlass vu Wegimont

Duerch Gemeng leeft d'Héichvitessestreck déi Léck mat Däitschland verbënnt, an zum gréissten Deel do duerch de 6,3 km laangen Tunnel vu Soumagne féiert, deem säin Ostportal um Territoire vun der Gemeng läit.

D'Uertschaft Soumagne déi der Gemeng den Numm ginn huet, besteet aus zwéin Deeler déi nëmme labber zesummenhänken, Soumagne-Haut um Plateau dat sech ëm déi al Gare vu Micheroux op der Linn 38 a laanscht Nationale 3 entwéckelt huet, a Soumagne-Bas neierdéngs op Soumagne-Vallée gedeeft am Dall vun der Magne.

Am haitegen Domaine Provincial de Wegimont haten d'SS e Lebensborn-Heem ageriicht.

Uertschaften an der Gemeng änneren

Ayeneux, Cerexhe-Heuseux, Évegnée-Tignée, Melen, Micheroux a Soumagne.

Geschichtleches änneren

Vum Enn vum 19. Joerhonnert bis an 60er Jore war um Territitoire vun der Gemeng, duerch d'Exploitatioun vun de Kuelegrouwen eng grouss industriell Aktivitéit. Wéi d'Kuelegrouwen zougemaach hunn gouf en Aissainissement gemaach, an op den industrielle Plazen hu sech Geschäfter, nei Citéeën, a Fräizäitplazen installéiert.

Trotz der Industrie déi do installéiert war, huet d'Gemeng haut nach iwwer 60 % landwirtschaftlech Fläch.

Verkéier änneren

Soumagne ass un d'Stroossenetz mat follgende Stroossen ugeschloss:

Kuckeswäertes an der Gemeng änneren

  • Den Domaine provincial de Wégimont.
  • D'Kierch Saint-Lambert mat dem Parc Eugène Ysaye zu Soumagne-Vallée.
  • D'Kierch Notre-Dame och Chapelle d'Évegnée genannt zu Évegnée
  • D'Kierch Saint Job zu Melen
  • D'Kierch Saint-André zu Cerexhe
  • D'Muttergottesstatu Vierge du Magnificat zu Tignée
  • Den Domaine du Bas-Bois
  • D'Grenzmaark La Belle Pierre
Soumagne-Vallée vu Süde gesinn

Um Spaweck änneren

Commons: Soumagne – Biller, Videoen oder Audiodateien