Sophie Scholl - Die letzten Tage
Sophie Scholl - Die letzten Tage ass en däitsche Film vum Regisseur Marc Rothemund aus dem Joer 2005. De Film beschreift déi lescht Deeg aus dem Liewe vun der Sophie Scholl.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Däitschland |
Produktiounsjoer | 2005 |
Première | 13. Februar 2005 |
Dauer | 116 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Marc Rothemund |
Dréibuch | Fred Breinersdorfer |
Fotografie | Martin Langer |
Musek |
Reinhold Heil Johnny Klimek |
Produzent |
Christoph Müller Sven Burgemeister Marc Rothemund Fred Breinersdorfer |
Produktiouns- gesellschaft |
Südwestrundfunk, Arte |
Schauspiller | |
Julia Jentsch als Sophie Scholl Fabian Hinrichs als Hans Scholl Alexander Held als Robert Mohr | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film? änneren
Zesumme mat hirem Brudder Hans kämpft d'Sophie Scholl an der Resistenzgrupp Weiße Rose géint déi nationalsozialistesch Diktatur. No enger Fluchblataktioun op der Universitéit München am Februar 1943 ginn d'Geschwëster verhaft.
Deeglaang gëtt d'Sophie Scholl vum Gestapo-Mann Robert Mohr verhéiert, an ëmmer méi an d'Engt gedriwwen. Schliisslech mécht d'Sophie, andeems se probéiert déi aner Membere vun der Resistenzgrupp ze schützen, hiert Geständnes a bekennt sech houfreg zu hirer Dot. Och nach nodeem een hir ugebueden huet hiert Liewen ze retten, ännert si hir Meenung net...
Gielercher änneren
- Berlinale 2005
- Bescht Regie: Marc Rothemund
- Bescht Haaptduerstellerin: Julia Jentsch
- Präis vun der ökumeenescher Jury
- Däitsche Filmpräis 2005
- Beschte Spillfilm a Sëlwer
- Bescht Haaptduerstellerin: Julia Jentsch
Op DVD änneren
De Film ass vun Warner Home Video op DVD publizéiert ginn.