Sophia-Universitéit (Tokio)

D'Sophia-Universitéit (jap.: 上智大学, Jōchi Daigaku) vun Tokio ass eng japanesch Privatuniversitéit, déi vun der kathoulescher Kierch gedroe gëtt.

Sophia-Universitéit
上智大学
Typ Universitéit
Land Japan
Gegrënnt 1913
Grënner Jesuitten
Um Spaweck http://www.sophia.ac.jp/

Si ass 1913 vun de Jesuitte gegrënnt ginn.

Ee vun deenen, déi dës Grënnung virbereet hunn, war de Jesuitt Joseph Dahlmann, dee vun 1900 u bis 1908, mat méi laangen Ënnerbriechunge fir seng Fuerschungsreesen, zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem Bellevue um Lampertsbierg gelieft huet.

De Jean-Claude Hollerich war ee vun de Vizerektere vun der Sophia-Universitéit, wou hie vun 1995 bis zu senger Ernennung am Joer 2011 als Äerzbëschof vu Lëtzebuerg geschafft huet.

Um Spaweck änneren