E Sonnephotometer ass e Photometer, deen direkt op d'Sonn geriicht gëtt. Aktuell Sonnephotometer bestinn aus enger Optik, spektrale Filteren, engem Photodetekter an engem Datelogger. Automatiséiert Sonnephotometer hunn eng Steiereenheet, mat där hirer Hëllef d'Instrument am Dagesverlaf der Sonn no geet. Déi gemoosse Gréisst ass déi direkt Sonnenastralung.

De Sonnephotometer CIMEL 318A zu Tõravere.

Um Äerdbuedem oder an der Atmosphär ass d'Astralung net sou staark wéi am Weltraum, well si duerch Absorptioun a Streeung ofgeschwächt gëtt. Dofir ass dee gemoossene Stralungsfloss eng Kombinatioun vu solarer Ausstralung an atmosphäresche Reaktiounen. Den Zesummenhank tëscht béide Gréisste gëtt vum Lambert-Beerscht Gesetz beschriwwen.

D'atmosphäresch Effekter kënnen duerch eng sougenannte Langley-Extrapolatioun ewechgeholl ginn. Dobäi gëtt aus Miessunge bei ënnerschiddleche Sonnestänn mat ënnerschiddleche Padlängten duerch d'Atmosphär, awer konstanten Atmosphärebedingungen op d'Astralung baussenzeg vun der Atmosphär geschloss. Wann déi ausseratmosphäresch Astralung bekannt ass, kann de Sonnephotometer gebraucht ginn, fir d'Atmosphärebedingungen z'ënnersichen, besonnesch déi atmosphäresch optescht Déckt. Wann d'Astralung a ville gëeegente Spektralkanäl gemooss gëtt, ka mat dem Sonnephotometer d'Aerosolkonzentratioun oder déi vertikal integréiert Konzentratioun vu verschiddenen atmosphäresche Gaser, beispillsweis Waasserdamp oder Ozon, gemooss ginn.

Literatur änneren

  • Glenn E. Shaw, "Sun photometry", Bulletin of the American Meteorological Society 64, 4-10, 1983.

  Portal Astronomie