Sonata Arctica ass eng finnesch Power Metal/Melodic Speed Metal-Band aus der klenger Stad Kemi.

Sonata Arctica

D'Musek änneren

Déi, ofgesi vun de Balladen, séier Lidder ginn deelweis vu melodeschen a sphäresche Keyboards dominéiert, wat dohier kënnt, datt hire Frontman a villsäitegen Sänger Tony Kakko ursprénglech den eenzege Keyboarder vun der Band war, doran awer entre-temps vum Henrik KlingenBerg ofgeléist gouf. Déi méistëmmeg Keyboards brénge besonnesch op de Live-Shows e spezielle Sound. Geneesou typesch fir dës Band sinn déi extreem séier Gittar-Soloen am typesche Power Metal Stil wéi en zum Beispill den Timo Tollki vu Stratovarius geprägt huet, bei deem pro Riff ëmmer nëmmen eng Säit ugeschloe gëtt, woubäi 5-8 Riffs pro Sekonn ganz normal sinn.

Geschicht änneren

D'Band gouf 1996 ënner dem Numm Tricky Beans gegrënnt, huet deen Numm awer 1997 an Tricky Means ëmgeännert. Anscheinend hu si am Ufank Musek gemaach déi näischt mat Metal ze dinn hat.

1999 hunn Tricky Means dann domat ugefaange Power Metal ze produzéiren a kruten e Kontrakt bei der Plackefirma Spinefarm Records. Doropshin hu si hiren Numm nach eng Kéier geännert, dës Kéier a Sonata Arctica.

Am selwechte Joer koum hiren éischten Album Ecliptica eraus. De Frontman Tony Kakko, dee bis dohi Keyboard gespillt a gesongen huet, huet beschloss sech elo primär op de Gesank ze konzentréiren. Als Remplaçant koum de Mikko Harkin dobäi. Wéineg spéider huet de Bassist d'Band verlooss a gouf duerch de Marko Paasikosi ersat.

2001 koum dunn hiren Album Silence eraus, dee vu ville Fans als hiert bescht Wierk ugesi gëtt. Aus Opnamen vun der Japan-Tournée as 2002 de Live-Album Songs of Silence - Live in Tokyo entstanen deen d'Live Versioune vun de Lidder aus Silence enthält.

Als nächsten huet de Mikko Harkin d'Grupp verlooss a gouf duerch den Henrik Klingenberg ersat. E Joer drop as hiren drëtten Album Winterhearts Guild erauskomm, am September 2004 de véierten, dee sech Reckoning Night nennt an deen als hiren experimentellsten an erwuessensten Album dominéire kann.

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 1999 Ecliptica
  • 2001: Silence
  • 2002: Songs of Silence – Live in Tokyo (Livealbum)
  • 2003: Winterheart's Guild
  • 2004: Reckoning Night
  • 2006: For the Sake of Revenge (Livealbum)
  • 2007: Unia
  • 2009: The Days of Grays
  • 2011: Live in Finland (Livealbum)
  • 2012: Stones Grow Her Name
  • 2014: Pariah’s Child
  • 2014: Ecliptica – Revisited: 15th Anniversary Edition
  • 2016: The Ninth Hour
  • 2019: Talviyö
  • 2022: Acoustic Adventures – Volume One
  • 2022: Acoustic Adventures – Volume Two
  • 2024: Clear Cold Beyond

EPen änneren

  • 2000: Successor
  • 2001: Orientation
  • 2003: Takatalvi
  • 2004: Don't Say a Word

Singles änneren

  • 1999: UnOpened
  • 2001: Wolf & Raven
  • 2001: Last Drop Falls
  • 2003: Victoria's Secret
  • 2003. Broken
  • 2004: Don't Say a Word
  • 2004: Shamandalie
  • 2006: Replica 2006
  • 2007: Paid in Full
  • 2009: Flag in the Ground
  • 2009: The Last Amazing Grays
  • 2012: I Have A Right
  • 2012: Shitload of Money
  • 2013: Alone in Heaven
  • 2014: The Wolves Die Young
  • 2014: Cloud Factory
  • 2014: Love
  • 2014: Kingdom for a Heart
  • 2015: Christmas Spirit
  • 2016: Closer to an Animal
  • 2016: Life
  • 2019: A Little Less Understanding
  • 2019: Cold
  • 2021: The Rest Of The Sun Belongs To Me
  • 2023: First in Line
  • 2023: A Monster Only You Can’t See

D'Band änneren

 
Sonata Arctica

Memberen änneren

Ex-Memberen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sonata Arctica – Biller, Videoen oder Audiodateien