Solon Irving Bailey

US-amerikaneschen Astronom

De Solon Irving Bailey, gebuer den 29. Dezember 1854 zu Lisbon (New Hampshire), USA a gestuerwen de 5. Juni 1931 bei Boston) war en US-amerikaneschen Astronom. Hien huet vun 1887 un um Harvard College Observatoire geschafft.

Solon Irving Bailey
Gebuer 29. Dezember 1854
Gestuerwen 5. Juni 1931
Boston
Nationalitéit USA
Educatioun Boston University,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

Nodeem den Observatoire de „Boyden Fund“ aus der Ierfschaft vum Uriah A. Boyden erhalen hat, huet de Bailey eng wichteg Roll bei der Sich no enger Standplaz fir d'Boyden Statioun zu Arequipa am Peru gespillt, an huet d'Statioun vun 1892 bis 1919 geleet. Hie war ee vun deenen éischten, dee meteorologesch Studien a Wüstegéigenden a grousser Héicht am Peru duerchgefouert huet. D'Boyden Statioun gouf am Joer 1927 wéinst bessere Wiederbedéngungen op Bloemfontein a Südafrika verluecht a gouf als Boyden Observatoire bekannt. De Bailey huet intensiv Studien u verännerleche Stären a Kugelstärekéip op der südlecher Hemisphär duerchgefouert. Ausserdeem huet hie mat grousser Genauegkeet och d'Period vun den Hellegkeetsschwankunge vum (433) Eros wärend senger Oppositioun am Joer 1903 gemooss. Nom Doud vum Edward Charles Pickering war de Bailey vun 1919 bis zu der Beruffung vum Harlow Shapley am Joer 1921 geschäftsféierenden Direkter vum Harvard College Observatoire.

Entdeckungen änneren

Den Asteroid (504) Cora.

Noruff änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie