Sœur Sourire

(Virugeleet vu(n) Soeur Sourire)

D'Sœur Sourire mam biergerlechen Numm Jeanne-Paul ("Jeanine") Marie Deckers, gebuer de 17. Oktober 1933 zu Bréissel a gestuerwen den 29. Mäerz 1985 zu Wavre, war eng belsch Uerdensfra a Sängerin.

Sœur Sourire
Gebuertsnumm Jeanne-Paule Marie Deckers
Pseudonym Sœur Sourire, Luc Dominique, Sœur Sourire, The Singing Nun
Gebuer 17. Oktober 1933
Laeken
Gestuerwen 29. Mäerz 1985
Wavre
Doudesursaach Vergëftung
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Kathoulesch Nonn, Liddermécher, Gittarist, Zeecheprofesser
D'Graf vun der Soeur Sourire zu Wavre

Si gouf duerch d'Lidd Dominique bekannt, mat deem si 1963 Nummer 1 an den Charts war.

1959 ass d'Jeanine, wéi si doheem genannt gouf, no engem ofgebrachene Konschtstudium, an d'Klouschter Fichermont agetrueden, an huet do den Numm Soeur Luc Gabriel ugeholl.

Bei hire Lidder hat d'Klouschter den Daum op de Recetten, an no ville Streidereien ass si 1966 aus dem Uerden ausgetratt. Dommerweis hat si domat och hiren Image als d'Nonn déi séngt, verluer, a Philips huet de Kontrakt gekënnegt.

1965 gouf ee Film iwwer si gedréint: The Singing Nun, mat der Debbie Reynolds als Haaptactrice. Si selwer huet dee Film als wéineg realistesch fonnt.

No hirer Musekscarrière huet si mat hirer Liewensgefährtin Annie Pécher eng Schoul fir autistesch Kanner opgemaach.

An den 1980er Joren ass si dunn dommerweis och nach d'Affer vum Belsche Steieramt ginn, dat hir en ettlech Millioune u Steieren aus dem Verkaf vun den Disquë gefrot huet. Well si awer selwer kee Su dovun an d'Täsch gestach hat, well d'Klouschter alles agesäckelt, si awer leider kee Beleeg dofir hat, krut si du grouss finanziell Problemer.

Een zweeten Ulaf, 1982 nach eng Kéier an d'Museksgeschäft ze kommen, huet och net geklappt.

Den 29. Mäerz 1985 huet si sech zesumme mat hirer Frëndin zu Wavre d'Liewe geholl. Déi zwou goufen och zesummen, sou wéi si dat nach gewënscht haten, an engem Graf bäigesat.

Um Spaweck änneren