Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gesellschaft déi vun 1877 bis 1940 bestanen huet. Fir d'Virgängergesellschaft (1869 bis 1877), kuckt wgl. Compagnie des chemins de fer Prince-Henri.

D'Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri war eng lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft, déi vun 1877 bis 1940 als Haaptgeschäft den Transport vun Eisenäerz am Süde vum Land hat.

Hiren Numm krut se zu Éiere vum Prënz Hari, deen deemools prince-lieutenant vu Lëtzebuerg war. D'Ofkierzung "PH" konnt een op ville Garen a Waggone gesinn.

Hir Virgängergesellschaft an deem Beräich war d'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri, déi awer a schlecht Dicher gerode war a liquidéiert huet misse ginn, soudatt dunn den 28. Oktober 1877 duerch en Arrêté Royal grand-ducal déi zweet Gesellschaft vum Prënz, wéi se am Volleksmond genannt gouf, hir Statuten approuvéiert krut.

Exploitéiert Eisebunnsstrecke waren ë. a.:

Si krut och vum Staat eng jett Hektar Minett-Konzessiounen, déi se awer meeschtens un aner Gesellschafte weiderverkaaft huet.

Am Zweete Weltkrich gouf hire Bunnereseau vum Nazi-Okkupant an dee vun der Deutscher Reichsbahn integréiert. Nom Krich huet déi 1946 gegrënnt CFL de Reseau iwwerholl, an d'Gesellschaft vum Prënz gouf den 1. Juli 1948 opgeléist.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren