Siwwenzéng Provënzen ass e Begrëff, mat deem déi Habsburgesch Nidderlanden tëscht 1543 an 1581 genannt ginn.

Kaart vun de Siwwenzéng Provënzen. Déi rout Linn weist d'Deelung an déi Nërdlech an déi Südlech Nidderlanden, 1581.

Wéi de Keeser Karel V. 1543 d'Herzogtum Geldern a säi Besëtz integréiert hat, bestoung e méi oder manner zesummenhängenden Territoire vu senge Grofschaften an Herzogtemer do an der Géigend. Just d'Prënzbistum Léck, tëscht dem Herzogtum Brabant an dem Herzogtum Lëtzebuerg, war eng gréisser Exklav.

Och wann d'Zuel 17 net ëmmer wuertwiertlech ze huele war, sou hat de Begrëff "Siwwenzéng Provënzen" sech och doduerch gefestegt, datt et zu engem bestëmmte Moment 17 Representante bei de Generalstaate vun den Nidderlanden zu Bréissel gouf.

Wopen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Seventeen Provinces – Biller, Videoen oder Audiodateien