De Sinus Honorislat. fir Bucht vun der Éier – ass en Ausleefer vum Mare Tranquillitatis op der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. D'Benennung ass am Joer 1976 duerch d'International Astronomesch Unioun erfollegt.

De Sinus Honoris, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 109 Kilometer. D'Mieresbucht läit um Nordwestrand vum Mare Tranquillitatis bei de mëttlere selenographesche Koordinaten 11° 42' Nord an 18° 06' Ost. An nërdlecher Noperschaft stinn d'Haemusbierger.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren