Sint-Martens-Latem

belsch Gemeng
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sint-Martens-Latem ass eng Gemeng vu ronn 8.300 Awunner an der belscher Provënz Ostflandern an e Vieruert vu Gent.

Sint-Martens-Latem
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Provënz Ostflandern
Arrondissement Gent
Awunner 8.468 (1. Januar 2018)
Fläch 1.434
Koordinaten 51° 01’ 00’’ N
      03° 38’ 00’’ O
Telefonszon 09
Postcode 9830
Websäit https://www.sint-martens-latem.be/

Sint-Martens-Latem läit am Südweste vu Gent am Dall vun der Leie a besteet aus den Uertschaften Deurle a Latem.

D'Gemeng huet den Numm Kënschtlerduerf kritt, well do Artisten a Schrëftsteller sech mat Virléift néierloossen an d'kulturell Infrastrukturen staark entwéckelt sinn.
D'Gemeng gëtt als Wéi vum flammänneschen Expressionnissem betruecht a si huet verschidde Molerkreesser hiren Numm ginn, Gruppe vu Moler déi an der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert kënstleresch aktiv waren. Si haten zwar keng fest Strukturen, mä hir Membere sinn duerch eng Rei vu gemeinsame Kennzeechen opgefall.

An der éischter Grupp, déi vun de sougenannte Mystiker fanne mer den Albert Servaes, de Georges Minne, de Gustave van de Woestijne, de Valerius De Saedeleer an den Albijn Van den Abeele.

Déi 2."Schoul" war déi vun den Expressionisten, mam Constant Permeke, Jos Verdegem, Gustave de Smet, Léon de Smet an Frits Van den Berghe.

Zur 3. Latem-Grupp, déi e spektakulären Afloss op déi belsch modern Molerei hat, zielen, ausser dem Jozef de Coene: Hubert Malfait, Albert Saverys, Arthur Deleu, Albert Claeys, Victor Lorein, Achile Van Sassenbroeck, Jules Boulez an Maurice Schelck. Lues a lues huet den Iwwergang zum Expressionissem sech vollzunn.

Zu Sint-Martens-Latem gëtt et 4 Muséeën a 7 Konschtgalerien.

  • De Gemengemusée Museum Gevaert-Minne
  • De Gemengemusée Museum Gust De Smet
  • D'Stëftung Museum Stichting Mw. J. Dhondt-Dhaenens
  • De Musée Museum Leon De Smet

Literatur änneren

  • Haesaerts,P.:L'école de Laethem, Bréissel, 1945, pp. 25, passim.

Um Spaweck änneren

Offiziell Säit vun der Gemeng (op nl)

Commons: Sint-Martens-Latem – Biller, Videoen oder Audiodateien