Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Single als Toundréier. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Single.

Eng Single ass an der Musek eng Opnam mat nëmmen engem eenzegen oder enger klenger Zuel vu Lidder. An éischter Linn ass eng Single haut eng Auskopplung aus engem Museksalbum, dat heescht e Lidd, dat op deem Album ze fannen ass an zum Beispill u Radiostatioune geschéckt gëtt oder dat et separat vum Album ze kafe gëtt. Eng Single kann a verschiddene Formater verëffentlecht ginn (CD, Schallplack, Kassett, digital...).

Eng Radiosingle ass eng Single, déi een net ka kafen an déi just fir Promotiounszwecker an engem bestëmmte Format verëffentlecht oder op engem Radiosender gespillt gëtt.

Nieft dem Titellidd kënnen op enger Single nach aner Lidder op enger Single ze fanne sinn (bei enger Schallplack B-Säit genannt): Lidder, déi et net op den Album gepackt hunn, Live-Versiounen, Remixen, asw.