Simon de Bauffe

éisträichesche Generol-Läitnant ënnert dem Herzog Karel VI a Festungsingenieur
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Simon de Bauffe (och alt Beauffe geschriwwen[1]), gebuer den 9. Februar 1676 zu Ath an der belscher Provënz Hainaut a gestuerwe 1738, war en éisträichesche Generol-Läitnant ënnert dem Herzog Karel VI. Hie war och Gouverneur vu Lierre.

Simon de Bauffe
Gebuer 9. Februar 1676
Ath
Gestuerwen 1738
Aktivitéit Politiker, Militär, Ingenieur

Als Ingenieur vun de Südlechen Nidderlanden gouf hien dacks gefrot fir a senger Gebuertsstad Ath ze schaffen. Op Uweisung vum Prënz Eugen von Savoyen huet den de Bauffe tëscht 1726 a 1740 d'Festung Lëtzebuerg ausgebaut an nei Festungswierker konzipéiert. Bis zu aacht Ingenieuren a ronn 1.200 Zaldoten an Aarbechter hunn ënnert sengem Kommando dräi nei Schleise gebaut (Bourbon-Schleis, Gronn-Schleis (1731), Mansfeld-Schleis (1733)), bestoend Anlage moderniséiert an nei baussenzeg Forte gebaut. Nom sengem Doud sinn d'Aarbechte vum Ingenieur Philippe Delaing virugefouert ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. L'eau dans la défense de la forteresse de Luxembourg: les écluses (kuckt: Um Spaweck), S. 15