Signe dans l'espace

Skulptur vum Lucien Wercollier

Signe dans l'espace ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur vum Lucien Wercollier, déi um Zens an der Cité Frommes steet.

Signe dans l'espace
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Zens
Koordinaten 49°37'7,00"N, 6°9'53,68"O
Ageweit 1968
Héicht 3,50 m
Material Marber
Kënschtler Lucien Wercollier
Zu Éiere vun Henri Frommes

D'Skulptur steet op enger vun zwou Verkéiersinselen an engem Rond-point, do wou d'Robert Bruch- an d'Gabriel de Marie-Strooss openee stoussen.

D'Skulptur ass 3,50 m héich a besteet aus zwéin Deeler, déi bal vertikal an d'Luucht reechen. Si gouf 1968 aus engem Block Marber sculptéiert. Si erënnert un den Henri Frommes.

Um Sockel steet:

A LA MÉMOIRE DE
HENRI FROMMES
1886 / 1942
PROMOTEUR DÉVOUÉ DU LOGEMENT FAMILIAL

Literatur änneren

  • Joseph-Émile Muller, 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. (Planche 47: schwaarz-wäiss Foto vum Marcel Schroeder vun der Skulptur um Zens).

Kuckt och änneren

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:

Biller änneren