De griichesche Buschtaf Sigma (griichescht Neutrum ass den 18. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet no dem milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 200.

De griichesche Buschtaf „Sigma“

Urspronk änneren

D'Phenizescht Alphabet hat véier Buschtawe fir Zëschlaut. D'Griichen haten der zwéin dovu fir hir S-Lauten iwwerholl, déi awer ni gläichzäiteg an engem vun den ënnerschiddleche algriicheschen Alphabete virkoumen. De Buschtaf Samech gouf am ioneschen Alphabet als X mat dem Lautwäert ksi gebraucht. Säin Numm awer gouf a liicht ofgewandelter Form op de phenizesche Buschtaf „Sin“ iwwerdroen, deen elo am Griichesche Sigma heescht.

Vum griichesche Sigma leede sech souwuel de kopteschen a kyrilleschen С (iwwer déi am byzantinesche Räich verbreet Form vum Sigma, deen dem C geglach huet), wéi och de laténgeschen S (iwwer d'gewéinlech Majuskel) of.

Gebrauch vum Sigma änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sigma – Biller, Videoen oder Audiodateien