Shirley Temple

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Shirley Temple, gebuer den 23. Abrëll 1928 zu Santa Monica a Kalifornien a gestuerwen den 10. Februar 2014 zu Woodside (Kalifornien), war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin. Besonnesch an den 1930er an 1940er Joren hat si als Kannerstar an Dosende vu Filmer e gelleche Succès.

Shirley Temple
D'Shirley Temple an de William Lyon Mackenzie King, den 21. Oktober 1944.
Gebuer 23. Abrëll 1928
Santa Monica
Gestuerwen 10. Februar 2014
Doudesursaach chronesch obstruktiv Longenerkrankung
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard-Westlake School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Diplomat, Kannerschauspiller, Dänzer, Televisiounsschauspiller, Politiker
Partei Republican Party
Famill
Bestuet mat John Agar

Biographie änneren

D'Shirley Temple war d'Duechter vun engem Banquier an huet mat dräi Joer ugefaangen a klenge Filmer zur Zäit vum D.W. Griffth, am Ufank vun de Tounfilmer ze spillen. An der Serie Baby Burlesk hat si een éischte Succès: si konnt besonnesch gutt d'Marlene Dietrich nomaachen.

1934 krut si een Engagement bei 20th Century Fox a krut an deem Joer ee speziellen Oscar, well si besonnesch bei der Arméi beléift war an zur gudder Moral vun den Truppe beigedro huet.

Si gouf ee Virbild fir amerikanesch Kanner an eng ganz Merchandising-Industrie ass ëm si entstanen: Shirle-Temple-Poppen, Räck, Molbicher, asw. ginn ënner hirem Numm verkaaft. An den 1930 Jore waren hir Filmer d'Nummer Eent am Box-Office. An de Filmer The Little Colonel, Curly Top a Poor Little Rich Girl huet si Rolle gespillt, wou et ëm Familljestreidereie geet oder d'Vereenegung vu Wäissen a Schwaarzen an Aarmen a Räiche goung. Mat enger Moyenne vun dräi Filmer am Joer huet si der 20th Century Fox en zolidd Akommes bruecht.

Am Joer 1940 haten hir Filmer The Blue Bird a Young People keen Erfolleg. Hire Kontrakt bei der Fox ass ausgelaf a gouf och net erneiert. Si krut dunn e neie Kontrakt bei der MGM. Gutt Kriticke krut si 1944 am Film Since You Went Away vum John Cromwell. An engem vun hire leschte Kinosfilmer dem Filmklassiker Fort Apache vum John Ford huet si eng vun den Haaptrolle niewent dem John Wayne an dem Henri Fonda gespillt.

1945 gouf si mam Schauspiller John Agar bestuet. Si hat een éischt Kand mat 17 Joer an 1948 krut d'Koppel nach ee Meedchen, dat Linda gedeeft gouf. Si hu sech 1950 scheede gelooss a gläich duerno am selwechte Joer gouf d'Shirley Temple mam Geschäftsmann Charles Black bestuet. Si krut mat him nach nach zwee Kanner an huet ugefaange Politik ze maachen. Si huet d'Vereenegt Staaten an der UNO vertrueden, gouf Ambassadrice am Ghana 1974-1976, Protokollchefin a republikanesch Deputéiert vu San Francisco, a war Ambassadrice zu Prag 1989-1992. Hire Mann ass de 4. August 2005 um myelodysplastesche Syndrom gestuerwen.

Vun alle Kannerstare war si déi eenzeg, déi nom Film eng zolidd politesch Carrière gemaach huet. Si war eng stackkonservativ Republikanerin a grouss Unhängerin vum Richard Nixon.

Hir Autobiographie Child Star koum 1988 op de Maart.

D'Shirley Temple huet zulescht zu Woodside a Kalifornien gewunnt wou si den 10. Februar 2014 gestuerwen ass.

Filmographie änneren

Als Schauspillerin änneren

Als Zeenaristin änneren

Verdéngschter an Nominatiounen änneren

Verdéngschter änneren

Nominatiounen änneren

Si war am Verwaltungsroot vu verschiddene grousse Gesellschaften:

Soss nach Interessantes änneren

De Cocktail Shirley Temple ass no hir genannt. En ass am Hôtel Royal Hawaien zu Waikiki (Hawaii) erfonnt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Shirley Temple – Biller, Videoen oder Audiodateien