Shere Hite ass de Pseudonym vun der Shirley Diana Gregory, gebuer den 2. November 1942 zu St. Joseph am US-Bundesstaat Missouri a gestuerwen den 9. September 2020, war eng US-amerikanesch, dunn däitsch Sexualwëwssenschaftlerin.

Shere Hite
Gebuer 2. November 1942
Saint Joseph
Gestuerwen 9. September 2020
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit USA, Däitschland
Educatioun Columbia University
Aktivitéit Romancier, Fraerechtler, Historiker, Essayist

D'Shirley Diana Gregory, där hir Eltere sech dräi Joer no hirer Gebuert scheede gelooss hunn, gouf vum zweete Mann vun hirer Mamm adoptéiert a krut op déi Manéier de Familljennumm Hite. Op der Universtiy of Florida huet si Geschicht studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss.

Si gouf bekannt duerch hiren Hite Report, eng Etüd iwwer d'Sexualitéit vun de Fraen. Dës huet héich Welle geschloen, well et deemools nach ëmmer deelweis tabuiséiert war, de Fraen eng eege Sexualitéit zouzegestoen, gechweigs, driwwer ze schwätzen.

Bicher änneren

  • Shere Hite: The Hite Report, 1976, MacMillan Publishing Co., Inc., New York / Collier MacMillan Publishers, London

Däitsch Publikatiounen (eng Auswiel) änneren

  • Hite-Report: Das sexuelle Erleben der Frau, 1977
  • Hite-Report: Das sexuelle Erleben des Mannes, 1981
  • Frauen und Liebe: Der neue Hite Report, 1987
  • Keinen Mann um jeden Preis, 1992
  • Hite-Report: Erotik und Sexualität in der Familie, 1994
  • Fliegen mit Jupiter, 1995
  • Report in eigener Sache. Mein Leben, Sex und Politik, 1996, Lübbe Verlag
  • Wie Frauen Frauen sehen, 1997
  • Sex & Business, 2000
  • Vom Stolz, eine Frau zu sein, 2003