D'Shapley-Curtis-Debatt, och bekannt als Déi grouss Debatt (The Great Debate), bëndelt d'Diskussiounen am Ufank vum 20. Joerhonnert, déi spéider zu engem neie Versteesdemech vun der Natur vu Galaxien an der Gréisst vum Universum gefouert hunn.

D'Diskussioun tëscht den Astronomen Harlow Shapley an Heber Curtis war de 26. Abrëll 1920 am Baird-Auditorium vum National Museum of Natural History zu Washington. Geschwat gouf iwwer d'Gréisst vun eiser Mëllechstrooss an d'Fro, ob déi deemools als Spiralniwwel bekannt Galaxien kleng Objeten an eiser Mëllechstrooss oder méi wäit ewech a vun eiser Mëllechstrooss getrennt sinn. Op deem Dag hunn déi béid Wëssenschaftler onofhängeg technesch Virträg iwwer d'Gréissteskala vum Universum presentéiert, deenen am Owend eng ëffentlech Diskussioun nokomm ass.

De Shapley huet d'Meenung vertrueden, datt d'Mëllechstrooss méi grouss ass wéi vun de meeschten Astronomen ugeholl ginn ass, an datt d'Sonn net an hirem Zentrum steet. Spiralniwwel huet hien als Gaswolleken an dëser eenzeger riseger Galaxis ugesinn. De Curtis war der Meenung, datt d'Mëllechstrooss méi kleng wier, huet awer an de Spiralniwwel onofhängeg Objete gesinn, déi a ganz grousser Distanz leien.

Déi béid Astronomen haten aus den deemolegen Erkenntnesser deels richteg, deels falsch Resultater gezunn. D'Mëllechstrooss ass no haiteger Erkenntnes tatsächlech méi grouss wéi vum Curtis ugeholl. Spéider Erkenntnesser, zum Beispill d'Entdeckung vun den Cepheiden am Andromedaniwwel an aner Galaxien duerch den Edwin Hubble, weisen awer, datt d'Spiralniwwel nach méi wäit vun eiser Mëllechstrooss stinn an onofhängeg Weltinsele sinn.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie